ILR-Bericht iwwer de Postsecteur fir d’Joer 2024

Den Institut luxembourgeois de régulation (ILR) huet kierzlech säi statistesche Bericht iwwer de Postsecteur fir d’Joer 2024 publizéiert. Aus dem Rapport geet ervir, datt de Maart zwar e Wuesstem vum Volume bei de Päck vu 5,3 % verzeechent, den Ëmsaz awer stagnéiert an de Gesamtëmsaz vum Secteur esouguer zeréckgaangen ass. De Maart ass duerch eng ëmmer méi intensiv Kompetitivitéit markéiert, wat dozou gefouert huet, datt den duerchschnëttlechen Ertrag pro Pak vun 11,46 Euro op 10,64 Euro gefall ass.
Besonnesch opfälleg ass déi dominant Roll vun der Sous-traitance an dësem Secteur. Laut dem ILR gi 85 % vum gesamte Postverkéier un Drëttubidder ausgelagert, an et goufen zéng nei Ubidder registréiert, déi ausschliisslech als Subunternehmer operéieren. D’Post Luxembourg, déi als Universaldéngschtleeschter de Gros vun de Sendunge beaarbecht a mat ronn 1.300 Mataarbechter de gréissten Employeur am Secteur ass, steet deemno an engem Spannungsfeld tëscht hiren ëffentlechen Obligatiounen an engem Präiskampf, deen dacks iwwer d’Lounkäschte gefouert gëtt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi analyséiert de Minister d’Positioun vun der Post Luxembourg an dësem Ëmfeld, wou d’Volummen zwar klammen, d’Margen awer duerch de gefalenen Duerchschnëttserléis pro Pak ënner Drock geroden?

  2. Gesäit de Minister am héijen Taux u Sous-traitance vu 85 % am Secteur e Risiko fir sozialen Dumping oder eng Prekariséierung vun den Aarbechtskonditiounen, an a wéi engem Mooss ass d’Post Luxembourg selwer vun dëser Praxis betraff oder ofhängeg?

  3. Wéi gëtt séchergestallt, datt d’Post Luxembourg hir sozial Responsabilitéit als ëffentlecht Entreprise ka wouerhuelen, wann eng grouss Zuel u Konkurrenten oder Subunternehmer potenziell mat nidderege Sozialstandarden operéieren, fir d’Präisser ze drécken?

  4. Ass d’Finanzéierung vum “Service universel” laangfristeg geséchert, wann de lukrative Maart vun de Päck ëmmer méi kompetitiv gëtt an d’Recetten aus dem Bréifverkéier weiderhi strukturell zeréckginn?

  5. Gëtt et Iwwerleeungen, bei ëffentlechen Ausschreiwungen am Logistikberäich méi streng sozial Krittären anzeféieren, fir eng fair Kompetitioun vis-à-vis vun der Post Luxembourg ze garantéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3241

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene