De rezente Joresbericht vum ILR iwwer d’Postdéngschter weist eng staark Fragmentéierung vum Maart op. Besonnesch ervirzehiewen ass, datt mëttlerweil 85 % vum Postverkéier un Drëttubidder ausgelagert ginn. De Bericht notéiert och, datt eleng am Joer 2024 zéng nei Ubidder registréiert goufen, déi ausschliisslech als Subunternehmer (Sous-traitants) aktiv sinn. Dës Entwécklung zu enger staarker “Sous-traitance” am Liwwerberäich bréngt oft Risike mat sech, wat d’Anhale vum Aarbechtsrecht, den Aarbechtszäiten an der Sécherheet vun de Chaufferen ugeet. D’Logistik op der “leschter Meil” ass bekannt fir hiren héijen Drock an déi dacks prekär Aarbechtsverhältnisser. Mat 43 Ubidder um Maart an enger onduerchsichteger Kette vu Subunternehmer stellt sech d’Fro, wéi effektiv d’staatlech Kontrollinstanzen, besonnesch d’Inspection du Travail et des Mines (ITM), d’Anhale vun de soziale Mindeststandarden an dësem séier wuessende Secteur iwwerpréiwe kënnen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Kontrollen huet d’ITM an de leschten zwee Joer spezifesch am Beräich vun de Courrier-, Express- a Paketdéngschter (CEP) duerchgefouert?
-
Huet d’ITM Kenntnis vu Fäll vu “Schäiselbststännegkeet” (Faux-indépendants) bei deenen neien Ubidder oder Subunternehmer, déi am ILR-Bericht ernimmt ginn?
-
Wéi eng Moyenen huet d’ITM, fir bei enger Sous-traitance-Quote vu 85 % sécherzestellen, datt d’Aarbechtszäitgesetzer an d’Pausereegelunge bei de Chaufferen, déi dacks ënner héijem Zäitdrock stinn, agehale ginn?
-
Gëtt et eng Zesummenaarbecht oder en Datenaustausch tëscht dem ILR (deen d’Ubidder registréiert) an der ITM, fir geziilt schwaarz Schof am Secteur kënnen ze kontrolléieren?
-
Gedenkt d’Regierung, d’Responsabilitéit vum Haaptoptraggeeber (Donneur d’ordre) ze stäerken, fir sécherzestellen, datt och d’Subunternehmer sech strikt un dat lëtzebuergescht Aarbechtsrecht halen?
QP Nummer 3261