Am Staatsbudget fënnt sech ënnert dem Artikel 41.022 de Posten „Contribution financière à divers établissements publics et Groupements d’Intérêt Economique (GIE) ayant fait l’objet d’un contrat ou d’une convention avec l’Etat“. Dëse Kredit ass mat bedeitenden Zomme fir d’Joren 2024 (12.300.000 Euro) an 2025 (9.000.000 Euro) dotéiert.
De Libellé vun dësem Budgetsposten ass allgemeng gehalen a gëtt keen direkten Opschloss doriwwer, wéi eng spezifesch Strukturen dës ëffentlech Gelder kréien. Am Sënn vun der budgetärer Transparenz an der parlamentarescher Kontroll ass et awer indispensabel, genee ze wëssen, wéi dës Steiergelder verdeelt ginn a wéi eng GIEen oder ëffentlech Etablissementer konkret vun dëse Konventioune profitéieren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi eng spezifesch ëffentlech Etablissementer a Groupements d’Intérêt Economique (GIE) hunn am Joer 2024 an 2025 Finanzéierungen iwwer dëse Budgetsposte kritt a wéi héich waren déi jeeweileg Montante pro Empfänger?
-
Op wéi enge konkrete Konventiounen oder Kontrakter baséieren dës Paiementer a wat sinn d’Lafzäite vun dësen Accorden?
QP Nummer 3259