ComMém 2GM

D’Erënnerung un d’Evenementer an d’Affer vum Zweete Weltkrich, besonnesch un d’Shoah, ass e fundamentalen Deel vun eiser nationaler Verantwortung. Den 80. Joresdag vun der Liberatioun vum Konzentratiouns- a Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau de 27. Januar 2025 war e Moment vu globaler Bedeitung. D’Zesummesetzung vun der offizieller Lëtzebuerger Delegatioun bei dëse Gedenkfeierlechkeeten ass vu grousser symbolescher Wichtegkeet, besonnesch a Relatioun zu deene ville benevollen Associatiounen, wéi de Comité Auschwitz, d’Asbl “Témoins de la Deuxième Guerre mondiale” oder MemoShoah, déi sech zanter Jore fir dës Erënnerungsaarbecht engagéieren.
An dësem Kontext spillt de “Comité fir d’Erënnerung un den Zweete Weltkrich” (ComMém 2GM) eng zentral Roll. Dëst Organ, dat dem Staatsministère ënnerstallt ass, huet d’Missioun, d’Gedenkpolitik ze koordinéieren a gëtt mat ëffentleche Mëttelen an duerch Personal aus dem Staatsdéngscht finanzéiert. Fir d’Transparenz an d’Nohaltegkeet vu sengen Aktiounen ze garantéieren, sinn eng reegelméisseg Berichterstattung iwwer seng Aktivitéiten a Finanze souwéi eng periodesch Erneierung vu senge Memberen, wéi an de Statute virgesinn, vu besonneschem ëffentlechen Interessi.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi war d’offiziell Lëtzebuerger Delegatioun bei de Gedenkfeierlechkeete fir den 80. Joresdag vun der Liberatioun vum Camp Auschwitz de 27. Januar 2025 genee zesummegesat?

  2. Vu wiem an op Basis vu wéi enge Krittäre gouf d’Selektioun vun de Membere vun dëser Delegatioun gemaach?

  3. Aus wéi enge Grënn goufen déi engagéiert Benevole vun Associatioune wéi dem Comité Auschwitz, “Témoins de la Deuxième Guerre mondiale” oder MemoShoah net an dës Delegatioun abezunn?

  4. Verëffentlecht de ComMém 2GM e järleche “Rapport d’activité” an, falls jo, wou kann dësen agesi ginn?

  5. Wéi gesäit déi detailléiert Opdeelung vum Budget vum ComMém 2GM aus a fir wéi eng Zwecker goufen dës Mëttele genee agesat?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3196

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene