FRO.LU: 6 Woche Waardezäit fir eng Echo am CHEM

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

De CHEM (Centre Hospitalier Emile Mayrisch) ass ee vun de wichtegsten ëffentleche Spideeler am Land. Rezent krute Patienten d’Informatioun, dass et op kengem vun den 3 Sitte vum CHEM Terminer fir Echographien innerhalb vu manner wéi 6 Woche géif ginn. Dëst bedeit Waardezäite vu méi wéi 6 Wochen, wat bei enger diagnostescher Ënnersichung, déi potentiell vital ass, problematesch ka sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Ministesch iwwert dës laang Waardezäite fir Echographien am CHEM informéiert? Wéi beurteelt d’Ministesch dës Situatioun am Bezuch op d’Qualitéit vun der Versuergung an d’Patientesécherheet?

  2. Wéi eng Grënn féieren zu dëse laange Waardezäite? Ass dëst e strukturelle Problem (z.B. Mangel u Personal oder Equipement) oder handelt et sech heibäi ëm eng temporär Situatioun?

Fro n°3218

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3218

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene