Keen Index fir Laboen

An der Äntwert op d’Fro 4 a menger parlamentarescher Fro n°2878 huet d’Madamm Minister eng Lëscht vun de Prestatairë genannt, déi am Kader vun de leschte Verhandlungen net de Maximum vun der eventuell méiglecher Valeur lettre-clé accordéiert krut hunn. Dës Lëscht enthält follgend Beruffer:
• Diététiciens
• Infirmiers
• Orthophonistes
• Psychomotriciens
• Sages-femmes
• Soins palliatifs

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Valeur lettre-clé vun deenen uewe genannte Prestatairen indexéiert? 

  2. Falls jo, wéi erkläert d’Regierung, dass Prestatairë, deenen hir Valeur lettre-clé schonn indexéiert ass, eng zousätzlech Augmentatioun vun der Valeur lettre-clé kréien, wärend d’Laboen, deenen hir Valeur net indexéiert ass, mol net d’Kompensatioun fir d’Käschtenerhéijungen (wéi den Index op d’Salairen an d’Hausse vun de Käschten duerch d’Inflatioun) kréien, mee am Géigendeel souguer eng Reduktioun vun 10% mussen hinhuelen?

  3. Wéi justifiéiert d’Regierung dës Praxis am Interessi vun enger qualitativ héichwäerteger Versuergung vun de Patienten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3217

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene