An engem Artikel am Wort geet vun enger Hiewan op e Problem am Code de la sécurité sociale fir ze fréi gebuere Kanner higewisen.
No der aktuellen Tarifreegelung aus dem Code de la sécurité sociale kënnen Hiewanne bei Famille bis zu dräi Wochen nom Accouchement Hausvisitte maachen, wat typescherweis ongeféier fënnef Hausvisitte géif entspriechen. Dës Reegelung schaaft awer eng bedeitend Lück an der Betreiung vu Famillje mat Kanner, déi ze fréi gebuer gi sinn. Dëst besonnesch op am Hibléck dorop, dass domat d’Kontinuitéit tëscht der prenataler an der postnataler Versuergung ënnerbrach gëtt an et och zu enger Rupture an der Bezéiung tëscht der Famill an der vun hir gewielter liberaler Hiewan kënnt.
Wann Puppelcher ze fréi op d’Welt kommen, bleiwen se dacks fir e puer Wochen am Spidol. Wann dës fragil Neigebuerenen aus dem Spidol entlooss géife ginn an heem géife kommen, wär déi Period vun dräi Wochen, déi duerch déi aktuell Tarifbestëmmunge gedeckt ass, dacks awer schonn eriwwer. Dëst géif bedeiten, datt Famille vun ze fréi gebuerene Kanner e méi schwéieren Zougang zu den Hiewannen-Hausvisitten hunn, well si dës aus hirem eegene Portmonni bezuele mussen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ass d’Regierung sech vun dëser Lück an der postnataler Versuergung fir Famillje vun ze fréi gebuerene Kanner bewosst?
-
Wéi vill Famillje mat ze fréi gebuerene Kanner sinn an de leschte Jore vun dëser Reegelung betraff gewiescht, an huet de Ministère Donnéeën iwwert hiren Zougang zu Hiewannen-Hausvisitte gesammelt?
-
Wéi eng Moossname plangt d’Regierung fir sécherzestellen, datt Famille vun ze fréi gebuerene Kanner eng adäquat Hiewannen-Ënnerstëtzung no der Spidolsentloossung kréien, onofhängeg dovunner, wéini d’Gebuert war?
-
Iwwerleet de Ministère, fir d’Tarifsbestëmmungen sou unzepassen, datt déi Period vun dräi Woche fir Hausvisitte vum Datum vun der Spidolsentloossung u géif gerechent ginn amplaz vum Gebuertsdatum un?
QP Nummer 3228