Nei Koalitioun an der Gemeng Wolz

Wéi RTL an engem Artikel vum 15te November mellt, wäert et zu Wolz zu engem politesche Wiessel kommen. Déi aktuell Koalitioun, bestoend aus der CSV an DP, kéint duerch eng LSAP-DP-Koalitioun bestoend ersat ginn. Wéi scho viru Kuerzem an der Gemeng Contern huet d’DP sech erëm eng Kéier géint CSV entscheet a gewisen, dass se kee verlässleche Partner ass. De Premierminister hat an der Äntwert op meng Fro n°3022 behaapt, dass d’Verhältnis tëscht den zwou Regierungsparteien DP an CSV exzellent ass a bleift.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet déi weider onloyal Decisioun vu der DP Konsequenzen op d’Vertrauen an der Regierung an Auswierkungen op d’Zesummeschaffen vun der aktueller Regierung?

  2. Wéi erkläert d’Regierung et sech, dass béid Parteien op Gemengenniveau net matenee schaffe wëllen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3201

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene