Verkéiersberouegung op der Route de Longwy (N5) – Nofro

D’Nationalstrooss N5 (Route de Longwy), ass eng vill befuere Strooss, déi vu Käerjeng un queesch duerch d’Gemeng Péiteng verleeft, bis erop op den Dräilännereck zu Rodange. D’Lonkecher Strooss ass bekannt dofir, eng Transitstrooss fir de Verkéier ze sinn. A virëge parlamentaresche Froen (7082 an 1981) wollt ech wëssen, wéi d’N5 kéint méi sécher fir de Verkéier gemaach ginn, grad mat Hibléck op eng Reduzéierung vum Tempolimitt op 30km/h. D’Ministesch hat hei geäntwert: “Et sief awer drop higewisen, dass d’Initiativ fir Moossnamen zu der Verkéiersberouegung innerhalb vun enger Uertschaft an d’Zoustännegkeet vun der territorial zoustänneger Gemeng falen, och wann et sech ëm eng Staatsstrooss handelt. […] Grondsätzlech fënnt ee reegelméissegen Austausch mat de Gemenge statt fir iwwert all méiglech Sujeten ze schwätzen déi d’Stroosseninfrastrukturen ubelaangt.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Huet d’Gemeng Péiteng mëttlerweil eng Reunioun mam Mobilitéitsministère betreffend der Verkéiersberouegung op der N5 ugefrot?  Falls jo, wéini war d’Reunioun?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3203

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene