Dreifjuegd zu Hesper

Den L’essentiel huet de 16ten November 2025 beriicht, datt d’Awunner vun Hesper duerch eng Dreifjuegd an der direkter Ëmgéigend vun engem Wunngebitt beonrouegt sinn. Op d’Froe vun den Awunner, ob Kontrollen an Alkoholtester géingen duerchgeféiert ginn, verweist d’Gemengeverwaltung op d’Verantwortung vum Ëmweltministère am Beräich vun der Juegd.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gëtt d’Sécherheet vun den Awunner garantéiert, wann eng Dreifjuegd an der direkter Ëmgéigend vun engem Wunngebitt organiséiert gëtt?

  2. Wäerten/goufen bei dëser Dreifjuegd Kontrolle vun der Ëmweltverwaltung gemaach? Falls jo, wat sinn d’Resultater?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3200

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene