Cannabiskonsum a Verkéierssécherheet

Zënter 2023 dierfen d’Leit Cannabis legal zu Lëtzebuerg ubauen a konsomméieren, dëst allerdings nëmmen bei sech doheem ëmmer ënnert strenge Bedingungen. Wat de Stroosseverkéier betrëfft, esou ass et, logescherweis, nach ëmmer verbueden ënner Drogenafloss ze fuehren. Et ass awer esou, dass och nom Konsum vu Cannabis d’THC-Wäerter am Blutt nach ëmmer héich kënne sinn, och wann den Afloss vum Konsum net méi do ass. D’Police schrieft dozou op hirer Website: “En fonction de la quantité et de la fréquence de consommation du cannabis, il est possible d’atteindre un taux sanguin de THC supérieur ou égal à 1ng/ml, ce qui constitue une infraction aux dispositions du code de la route luxembourgeoise.” An Däitschland goufen d’Grenzwäerter fir THC dofir op 3,5 Nanogramm/ml eropgesat, fir der neier Realitéit Rechnung ze droen, ouni awer d’Verkéierssécherheet ze gefäerden. Dëst op Basis vun engem Expäregrupp “bestehend aus Expertinnen und Experten der Bereiche Medizin, Recht und Verkehr” (Website vum Bundesgesundheitministerium).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäerten déi erlaabten THC-Wäerter am Stroosseverkéier hei zu Lëtzebuerg an Zukunft no uewen ugepasst ginn?  • Falls jo, wéini? • Falls nee, mengt d’Ministesch, dass d’Approche vun eisen däitschen Nopere falsch ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3198

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene