Héichsëtzer fir d’Juegd – Nofro

An der parlamentarescher Fro n° 3044 hat ech nogefrot, no wéi enge Krittären Héichsëtzer fir d’Juegd dierfen opgestallt ginn an a wéi enge Situatioune Geneemegungen néideg sinn. No der Äntwert vum Ministère bleift awer onkloer, wéi dat da kontrolléiert gëtt, well de Minister keng Zuelen dozou liwwere kann, wéi vill Héichsëtzer hei am Land stinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gëtt kontrolléiert, datt Héichsëtzer legal opgestallt goufen an déi néideg Geneemegungen hunn? 

  2. Wien ass fir dës Kontroll zoustänneg a wéi dacks gouf an der Vergaangenheet kontrolléiert?

  3. Wéi oft gouf een Héichsëtz illegal gebaut?

  4. Firwat gi keng Statistike gefouert op Basis vun den Demanden, déi beim Ëmweltministère agaange sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3209

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene