Mietkauf endlech erméiglechen

Context:

Aktualitéitsstonn zum Mietmarché an de Schwieregkeete vun de Locatairen

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Jidderee brauch een Dag iwwert dem Kapp: Wunnen ass ee Grondrecht, dat am Artikel 40 vun der lëtzebuergescher Verfassung als Staatsziil festgehalen ass: “L’État veille à ce que toute personne puisse vivre dignement et disposer d’un logement approprié.” ;
  • Eng eege Wunneng ze besëtzen ass, wéi d’Pensioun, eng Grondofsécherung géint d’Aarmut am Alter an de Staat sollt dofir suergen, dass all Persoun, onofhängeg vu sengen finanziellen Méiglechkeeten, d’Chance kritt fir seng eege Wunneng ze besëtzen ;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. de Leit bei den neien a staatlech gebautene Wunnengen d’Optioun vum Mietkauf z’erméiglechen zu engem am Viraus formuléierte Präis, woubäi de Staat beim Verkaf ëmmer ee Virkafsrecht behält.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene