Wéi aus der rezenter Press ze liese war, gëtt et a verschiddenen ëffentlechen a parastaatlechen Institutiounen d‘Praxis, fir fréiere Presidenten oder Direkteren no hirem Abschid Beroderposten unzebidden. Esou gouf beispillsweis annoncéiert, datt d’Spuerkeess hirer fréierer Generaldirektesch eng Positioun als “strategic advisor” ugebueden huet. Och aus anere Beräicher, wéi der CNS, si solch Konstellatioune bekannt. Fir méi Transparenz an dësem Beräich ze schafen a fir potentiell Interessekonflikter besser aschätzen ze kënnen, stellen sech verschidde Froen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Bei wéi villen ëffentlechen a parastaatlechen Institutioune ginn et aktuell Beroderverträg mat fréiere Presidenten oder Direkteren? Kéint d’Regierung eng detailléiert Iwwersiicht vun dësen Entitéite ginn?
-
Wéi ginn dës Beroderposten remuneréiert? Wéi vill kascht et de Staat respektiv déi jeeweileg Entitéit pro Joer? Kéint eng Iwwersiicht vun de Käschte pro Institutioun zur Verfügung gestallt ginn?
-
Wéi gëtt verhënnert, datt et zu Interessekonflikter kënnt, wa fréier Responsabelen déi nei Leedung beroden, mat deenen si eventuell nach bis viru kuerzem zesumme geschafft hunn? Ginn et kloer Reegelen oder Richtlinnen, déi d’Roll an d’Verantwortung vun dëse Beroderen definéieren?
-
Gesäit d’Regierung an dëser gängeger Praxis kee Risiko, datt et zum sougenannte “Dréidier-Phänomen” kënnt, wou fréier Responsabelen zu Lobbyiste ginn oder hir nei Positioun am Interessi vun Drëtten ausnotzen? Wéi gëtt garantéiert, datt déi strategesch Informatioune vertraulech bleiwen?
-
Plangt d’Regierung eng generell an och ministerieniwwergräifend Approche, fir d’Praxis vu Beroderverträg mat fréiere Presidenten a Direkteren iwwer all ëffentlech Institutiounen an Entitéiten ze reegelen? Falls jo, a wéi enger Form? Falls nee, aus wéi enge Grënn net?
QP Nummer 3184