An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°2901 hunn ech eng Rei Froen iwwert d’eIDAS-Identifikatioun gestallt respektiv zu Luxtrust-Zertifikaten.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Op meng Fro op “titre de séjour” mat der GouvID” funktionéieren huet d’Ministesch fir Digitalisatioun geäntwert: “Den Chip fir “titre de séjour” enthält kee LuxTrust-Zertifikat, dofir kënnen déi net mat GouvID benotzt ginn. Am Fall wou den “titre se séjour” mat engem Luxtrust-Zertifiakt wéi op den Identitéitskaarte giff equipéiert ginn, wäert déi aktuell Applikatioun GouvID deen Zertifikat och kenne liesen.”
Firwat enthält den “titre de séjour” bis elo nach keen Zertifikat a plangt de Minister dëst an noer Zukunft ze änneren?
• Wa jo, wéini sollen “titre de séjour” esou en Zertifikat kréien?
• Wa nee, firwat net?
QP Nummer 3111