Sanktiounen géint LUKOIL

D’USA huet nei Sanktioune géint Russland ausgeschwat an déi russesch Firma LUKOIL op eng Sanktiounslëscht gesat. LUKOIL huet och zu Lëtzebuerg Aktivitéiten a bedreift, ënnert Anerem, eng Tankstell zu Rodange ënnert dem Markennumm.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert LUKOIL zu Lëtzebuerg weiderhin dierfen seng Aktivitéiten ausüben?

  2. Wéi reagéiert Lëtzebuerg, national souwéi europäesch, op d’US-Sanktiounen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3087

Nofro

n°3238

Link CHD

D’USA hat weider Sanktioune géint Russland ausgeschwat an déi russesch Firma LUKOIL op eng Sanktiounslëscht gesat. LUKOIL huet och zu Lëtzebuerg Aktivitéiten a bedreift, ënnert Anerem, eng Tankstell zu Rodange ënnert dem Markennumm. An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3101 ginn d’Ministeren keng Detailer dozou, ob Lëtzebuerg oder d’EU sech den US-Sanktiounen uschléissen. D’EU-Filialen vu LUKOIL verkafen deemno weider hiren Ueleg a maache Suen domadder.

  1. Kann ausgeschloss ginn, dass iwwert d’Aktivitéite vun LUKOIL zu Lëtzebuerg Suen an déi russesch Krichkeess iwwerwise ginn?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene