Kennzeechnung vu Fleeschprodukter

Et gi vill Leit, déi Wäert op eng bewosst Ernärung leeën, egal, ob et aus etheschen, reliéisen oder gesondheetleche Grënn ass. Leider feelt et dacks un Transparenz an der Gastronomie, besonnesch bei der Notzung vun Déiereprodukter. E puer Beispiller dozou: wann een am Restaurant Spaghetti Bolognese bestellt, gëtt net ëmmer uginn, datt d’Fleesch aus gemëschtem Gehacktes (Schwäin a Rëndfleesch) besteet. Dat selwecht gëllt fir Zaloten, déi onerwaart mat Speck zerwéiert ginn, och wann ee just eng mat Geessekéis bestallt huet, oder asiatesch Gerichter, wou d’Fleeschzort net kloer deklaréiert ass. Esou wéi Allergene mussen deklaréiert ginn, sollt et och fir Fleeschzorten an Déiereprodukter méi kloer Reegele ginn, fir de Konsument z’informéieren. Dat géif net nëmme méi Transparenz fir d’Konsumente schafen, mee och d’Vertrauen an d’Gastronomie stäerken.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wéi bewäert d’Regierung d’Iddi, dass am Restaurant transparent op der Menükaart misst stoen, ob ee Plat Déiereprodukter enthält, souwéi d’Zort an d’Hierkonft vum Produit? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3087

Zesummenhang posts

D’USA huet nei Sanktioune géint Russland ausgeschwat an déi russesch Firma LUKOIL op eng Sanktiounslëscht gesat. LUKOIL huet och zu Lëtzebuerg Aktivitéiten a bedreift,
Et gi vill Leit, déi Wäert op eng bewosst Ernärung leeën, egal, ob et aus etheschen, reliéisen oder gesondheetleche Grënn ass. Leider feelt et