Vitaminn B12 bei Labosanalysen

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n° 2878 huet d’Madamm Ministesch confirméiert, datt bei den Aspuerunge bei de Labosanalysen besonnesch och d’Aktioun BC191 (Vitamin B12) concernéiert ass, wou nei Reegele baséierend op den “Kumulsregelen” an de “bonnes partiques” zum Aspuere vu Käschte bäidroe sollen. 

Et ass awer medezinesch bekannt, datt Patiente, déi Metformin huelen, séier en erhéichte Risiko fir e Vitaminn B12-Mangel hunn. Metformin ass net nëmmen eent vun den am meeschte verschriwwenen Medikament bei Diabetes Typ 2, mee gëtt och bei enger Rei anere medezinesche Problemer oder Krankheeten dacks verschriwwen, wéi zum Beispill bei Iwwergewiicht, dem metabolesche Syndrom, an der Preventioun vun Depressiounen, dem Polyzysteschen Ovarial-Syndrom (PCOS) oder och bei Schwangerschaftsdiabetes.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Ministesch eng Analys gemaach, wéi vill Patient:innen vu verschiddenen Altersgruppen a mat verschiddene medezinesche Konditiounen (Diabetes, PCOS, metabolescht Syndrom, Schwangerschaftsdiabetes, etc.) aktuell Metformin verschriwwe kréien an dofir e reegelméissege Vitaminn B12-Monitoring brauchen?

  2. Wéi gëtt sécher gestallt, datt déi nei “bonnes pratiques” a “Kumulregelen” bei der BC191-Aktioun net zu Laaschte vun all dëse vulnerabele Patientegruppen ginn, bei deenen e Vitaminn B12-Mangel zu schwéiere Komplikatioune féiere kann?

  3. Gesäit d’Nomenclatureskommissioun spezifesch Ausname fir Patient.inne mat chronesche Behandlunge mat Metformin fir, onofhängeg vun der Gronderkrankung, fir ze garantéieren, datt néideg Kontrolle weiderhi kënne gemaach ginn, ouni dobäi zu enger grousser finanzieller Lascht vun de betraffene Patient:innen ze ginn?

  4. Gouf bei der Ausaarbechtung vun deene “bonnes pratiques” d’Expertise vun Endokrinologen, Gynekologen, Psychiateren a Generalisten agezunn, fir déi spezifeschen Nofro vun all dëse Patientegruppen ze berücksichtegen?

  5. Wéi wëll d’Ministesch verhënneren, datt Patient:innen mat engem Vitaminn B12-Mangel wéinst enger Metformin-Therapie net diagnostizéiert ginn, well hir Dokteren aus Angscht virun engem Refus vum Remboursement manner Tester verschreiwen? Gëtt et Daten iwwer déi aktuell Verschreiwungspraxis vun BC191-Tester bei Metformin-Patient:innen?

  6. Ass d’Regierung bereet, d’Aspuerungsmoossname beim BC191 nach emol ze iwwerpréiwen a geziilt Ausname fir zum Beispill Metformin-Patient:innen mat méi wéi 6 Méint Behandlungsdauer anzeféieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3075

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene