Jobs fort duerch KI?

Eis Wirtschaft ass matten an enger grousser Ëmstrukturéierung, bedéngt duerch d’kënschtlech Intelligenz (KI). Vill gréisser Firme setzen elo schonn op KI a spueren domadder bei administrative Prozeduren oder Analyse vill Aarbechtsstonnen. Deementspriechend gi vill Leit net méi fir dës Aufgabe gebraucht. D’Fondation IDEA schreift an engem Artikel vum 1ten Oktober: “Selon les dernières statistiques publiées par Eurostat, 24% des entreprises du Luxembourg ont utilisé des technologies d’intelligence artificielle (IA) en 2024, soit dix points de plus que la moyenne de l’UE. Ce chiffre place le Grand-Duché parmi les pays les plus avancés en matière d’adoption de l’IA par les entreprises.”

No engem Artikel op bloomberg.com vum 8te Januar kéinte mëttelfristeg am Bankesektor eng 200.000 Aarbechtsplazen duerch kënschtlech Intelligenz ersat ginn. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°1882 hat d’Regierung op eng Etüd vun CMS verwisen, wou Ried ass, dass 6% vun den Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg kéinten duerch KI verschwannen. Bei der ADEM ginn an engem Aarbechtsdokument Zuehlen presentéiert, wou Ried ass, dass bis zu 32% vun den Aarbechtsplazen zum Deel kéinten duerch KI ersat ginn, a 14% komplett.
Wann een d’Zuele beim STATEC kuckt zum Emploi national, da fält op, dass an de leschte Méint d’Unzuel un Aarbechtsplazen erofgaangen ass. Op ee Joer gekuckt sinn net méi Aarbechtsplaze besat ginn. Am Budget fir 2025 rechent d’Regierung mat enger Entwécklung vu just 1% pro Joer bei den Aarbechtsplazen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Aussiichten huet d’Regierung iwwert d’Entwécklung vu weideren Aarbechtsplazen hei am Land? 

  2. Wäert d’Unzuel un Aarbechtsplazen eropgoen oder erofgoen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3049

Mëndlech Fro n°280

CHD

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene