Mediatioune mat der CNS

Aktuell ass et esou, dass am Kader vum Verhandlungen tëscht verschiddenen Acteuren aus dem Gesondheetsberäich nëmmen d’CNS eng Mediatioun ufroe kann, wann et zu Meenungsverschiddenheeten tëschent de soziale Partnere kënnt.

Dëse System limitéiert awer d’Méiglechkeete vun aneren Acteuren am Sozialdialog, hir Positioun z’erklären an eng neutrale Léisung ze fannen, wann et zu Konflikter kënnt. Am Fall wou d’CNS wéineg Interessi huet, fir op eng gemeinsam Léisung mat Partner ze kommen, kënnen si esou eng Mediatioun onnéideg laang erauszögeren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Plangt d’Regierung eng Ännerung bei den aktuellen Dispositiounen iwwer d’Mediatioun?

  2. Ass et virgesinn, datt an Zukunft all Partie, déi um Sozialdialog deelhëlt, eng Mediatioun kann ufroen an net nëmmen d’CNS?

  3. Wann eng solch Ännerung virgesinn ass, huet d’Ministesch schonn eng Virstellung fir wéini d’Ëmsetzung vun dëser Reform kéint envisagéiert ginn?

  4. Wéi eng Mesurë géif d’Regierung huelen, fir ze garantéieren, datt all Acteur am Sozialdialog déi gläich Rechter huet, wat d’Mediatioun ugeet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2900

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene