An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°2344 betreffend d’Publicitéit vun der SNHBM op enger belscher Radio, hutt de Minister erkläert, datt d’Zil wier, “d’gesamt Populatioun ze erreechen och Mënschen, déi an d’Ausland geplënnert sinn oder all Dag heihinner schaffe kommen.”
Als Begrënnung fir d’Wiel vum belsche Radiosender Vivacité/Classic 21 hutt de Minister uginn, datt dëst op der “direkter geographescher Noperschaft, nämlech der Belsch, déi e bedeitende Prozentsaz vu Grenzgänger huet” baséiert. Dës Argumentatioun weist awer eng evident Inkohärenz op.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°2344 schreift de Minister: “Déi ausgewielte Kommunikatiounskanäler baséieren op der direkter geographescher
Noperschaft, nämlech der Belsch, déi e bedeitende Prozentsaz vu Grenzgänger huet.” Gläichzäiteg schreift de Minister, dass zu der Zilgrupp vun der Reklamm “Awunner vu Lëtzebuerg, mä och Grenzgänger, déi zu Lëtzebuerg schaffen, oder fréier lëtzebuerger Awunner” géife gehéieren.Ass de Minister net der Meenung, dass et trotz der geografescher Noperschaft zu der Belsch eigentlech inkohärent ass, fir dës Reklamm just op engem belsche Radiosender schalten ze loossen, wa spezifesch och fréier Lëtzebuerger Awunner zur Zilgrupp gehéieren? Dëst och virun Hannergrond, dass all Joer vill Lëtzebuerger a Frankräich oder an Däitschland plënnere, well se hei keng bezuelbar Wunnenge fannen.
-
Huet de Minister Zuelen doriwwer, wéi vill vun de bis elo am Kader vum Projet Elmen verkaaften Immobilien u Lëtzebuerger Residenten, wéi vill u Residenten aus dem Ausland respektiv u fréier Lëtzebuerger Awunner verkaaft gi sinn? Dëst ebe besonnesch och virum Hannergrond, dass mat den aktuelle Reklamme jo och fréier Lëtzebuerger Awunner sollen ugeschwat ginn.
QP Nummer 2898