D’eIDAS-Veruerdnung soll d’géigesäiteg Unerkennung vun elektroneschen Identitéitsmëttelen tëschent de Memberstaten erméiglechen a sou d’digital Mobilitéit vun de Bierger an der Europäescher Unioun stäerken. Op MyGuichet.lu kënnen sech d’Bierger zwar mat eIDAS-Mëttelen aus aneren europäesche Länner registréieren, awer si kënnen domadder keng Virgäng ënnerschreiwen. Dëst bedeit, datt si trotzdeem op d’Servicer vu Luxtrust ugewise sinn, wat praktesch zu engem Monopol vu Luxtrust féiert.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Firwat kënnen eIDAS-Identitéitsmëttelen aus aneren EU-Länner op MyGuichet.lu nëmme fir d’Registréierung, awer net fir d’Ënnerschreiwe benotzt ginn?
Wéini plangt d’Regierung, déi voll eIDAS-Kompatibilitéit ze implementéieren, sou datt europäesch Bierger dës elektronesch Identifikatioun och fir d’Ënnerschreiwe vun administrative Virgäng zu Lëtzebuerg kënne benotzen?
Fonctionéieren d’”titre de séjour” mat gouvID? Wann net, firwat fonctionéiert dat net a plangt de Ministère hei an Zukunft nozebesseren?
QP Nummer 2901