Qualitéit vun der legislativer Aarbecht op de Ministèren

D’Qualitéit vun der legislativer Aarbecht an d’Effizienz vum Gesetzesprozess sinn zentral Elementer vun enger funktionéierender Demokratie. An dësem Kontext spillt d’personell Ausstattung vun de Ministèren, besonnesch wat d’Ausschaffe vu legislativen Texter ugeet, eng decisive Roll.
Et ass awer festzestellen, datt de Staatsrot reegelméisseg seng Onzefriddenheet iwwert d’Qualitéit vun de Projeten de loi zum Ausdrock bréngt, déi him fir Avis ënnerbreet ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Fonctionnaire oder Employéeë, déi legislativ Texter ausschaffen, schaffen op de verschiddene Ministèren, opgeschlësselt no Ministère?

  2. Opgeschlësselt no Ministère, wéi vill vun dëse Fonctionnaire oder Employéeë schaffen a Vollzäit respektiv an Deelzäit?

  3. Opgeschlësselt no Ministère, wéi vill ETP (Employé Équivalent Temps Plein) mécht dat aus?

  4. Wéi war d’Evolutioun respektiv d’Fluctuatioun vun der Unzuel vun dëse Mataarbechter, opgeschlësselt no Ministère?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2913

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene