Subside qualité + fir d’Joer 2025

Den 22. Mee 2025 goung eng Circulaire un d’Sportverbänn, déi am Kompetitiounssport aktiv sinn, fir dës a besonnesch hier affiliéiert Veräiner iwwert d’Modalitéite vum Subside de base an dem Subside qualité + fir d’Joer 2025 ze informéieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wëssend dass, op den 31.12.2024 1087 Veräiner aus 52 Federatiounen eng Demande fir dës finanziell Ënnerstëtzung maache kënnen, wéi vill Demandë sinn op den Datum vum 30ten September 2025 am Sportsministère erakomm?

  2. Wëssend dass den Delai laut entspriechendem groussherzoglechem Reglement fir esou eng Demande anzereechen den 30. September 2025 ofgelaf ass, huet de Minister déi betreffend Veräiner, déi bis zum 1te September nach keng Demande gemaach haten, dorunner erënnert?

  3. Wäert de Sportminister, esou wéi schonn am Joer 2024, och eventuell dëst Joer dësen Delai, deen am groussherzogleche Reglement festgehalen ass, am Sënn vum Sport liicht no hanne réckelen?

  4. Wou sinn d’Iwwerleeunge vun der am Regierungsprogramm ugekënnegter Reform vun dëse Subsiden un d‘Sportveräiner drun, dëst zumools wou schonn am Januar 2024 Conclusiounen dozou am Conseil supérieur des Sports gezu gi waren?

  5. An der Sitzung vun der Sportskommissioun vun der Chamber vum 24. Januar 2024 huet de Minister vun Abusen am Kontext vum Subsid Qualité + geschwat. Kann de Minister dëst verdéiwen a soe wéi hien eventuell dogéint well virgoen, och scho virum Akraafttriede vun der Reform?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2962

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene