Nodeems déi sougenannten „Promotion de l’image de marque du Luxembourg à l’étranger” laang Zäit am Ausseministère ugesidelt war, ass dës elo säit Enn 2023 an den Attributioune vum Wirtschaftsministère. De Volet nation branding am Sport ass weiderhin an den Attributioune vum Sportsministère. Op Basis vun den Äntwerten op d’Froen n°1231 an n°2440 wéilt ech de Ministeren an deem Zesummenhang weider Froe stellen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Op Basis vum Tableau an der Äntwert op d’Fro n°2440 betreffend Subside fir Sportsmanifestatioune, wat fir Evenementer goufen zousätzlech vum Wirtschaftsministère respektiv vum Sportsministère finanziell oder materiell ënnerstëtzt an ewéi genau huet dëst ausgesinn?
Wéi sinn d’Krittäre fir esou eng Hëllef vum Wirtschafts- respektiv vum Sportsministère ze kréie? Wat ass déi legal a reglementaresch Basis dovunner?
Gëtt et weiderhin eng Ënnerstëtzung vum Wirtschaftsministère fir d‘Organisateure vu groussen Eventer, wann dës eng gewëssen Unzuel un Iwwernuechtungen zu Lëtzebuerg mat sech bréngen? Wa jo, wéi genau sinn dës Konditiounen a wat fir Organisatioune goufen an deem Kontext an de Joren 2024 an 2025 bis elo ënnerstëtzt a mat wéi vill?
Laut der Äntwert op d’Fro n° 2440 huet de Sportsministère am 1. Trimester 2025 eng Evaluatioun vun de Partenariater am Beräich vum Sport gemaach. Kann de Sportminister Detailer vun dëser Evaluatioun op Basis vun den Eventer, déi 2024 an 2025 finanziell ënnerstëtzt gi sinn, ginn?
Kann de Minister e Ranking vun dëse Sportsmanifestatiounen no der Analys vum sougenannten „Social listening a Media monitoring“-Outile produzéieren, déi de Sportsministère jo benotzt?
No wat fir enge Krittäre ginn nei Eventer finanziell ënnerstëtzt wann et nach keng Evaluatioun konnt ginn?
Ginn verschidde Sportsevenementer och iwwert aner Budgetsartikelen finanziell ënnerstëtzt? Wann jo, wéi genau gesäit dat am Detail aus an ëm wat fir eng Budgetsartikelen handelt et sech hei?
Firwat ass déi finanziell Ënnerstëtzung vum Ladies Tennis Masters fir d’Joer 2025 méi héich wéi déi am Joer 2024?
Am Budget vum Joer 2025 sinn 950.000 € virgesi fir den nation branding am Beräich vum Sport. Wéi vill Sue goufen am Joer 2025 bis elo op deem entspriechenden Artikel engagéiert? Sinn am Joer 2025 nach weider Eventer en vue, déi finanziell ënnerstëtzt kéinte ginn?
Laut der Äntwert op d’Fro n°2440 huet de Sportminister d’Futtballsfederatioun invitéiert, déi schonn ausbezuelten 20.000€ fir de nation branding ze rembourséieren. • Ass dëst an Zwëschenzäit scho geschitt? • Ass esou ee Remboursement an der Konventioun mat enger Sportfederatioun virgesinn? • Ass dem Sportminister opgefall, dass am Kader vun den 2 Qualifikatiounsmatcher vun der Lëtzebuerger Nationalekipp am Stade de Luxembourg trotzdeem Reklamm fir den nation branding gemaach ginn ass? Wat seet de Minister dozou?
Am Joer 2023 gouf d’Sportspress Awards Night mat 5.000€ ënnerstëtzt. Firwat war dat 2024 an 2025 net méi de Fall? Huet de Sportsministère sech hei op eng aner Manéier bedeelegt? Wa jo, wéi genau a wéi héich an op Basis vu wat fir engem Budgetsartikel?
QP Nummer 2984