Schweden huet duerch seng Zentralbank, d’Sveriges Riksbank, an Zesummenaarbecht mat de Schlësselacteuren aus dem Bezuelverkéier (Banken, Kaartennetzwerker wéi Visa a Mastercard, Acquereuren an den Handel) e konkreten Accord erreecht. Dësen Accord gesäit vir, d’Resilienz vum nationale Bezuelverkéier massiv ze stäerken, andeems et méiglech gëtt, Kaartebezuelungen am Fall vun engem laangfristegen Ausfall vun der Datekommunikatioun (Offline-Bezuelungen) duerchzeféieren. D’Zil ass et, dëst bis den 1. Juli 2026 fir essentiel Wueren (Liewensmëttel, Medikamenter a Bensinn/Diesel) ze garantéieren, fir Ausfäll vu bis zu siwen Deeg ofzedecken. Déi technesch Léisung baséiert op der Offline-Autorisatioun iwwer den EMV-Chip vun der Kaart, mat engem virdefinéierten “Offline Limit”.
Lëtzebuerg, wéi och Schweden, huet eng héich Ofhängegkeet vun digitale Bezuelmethoden, an d’Benotzung vu Boergeld geet stänneg zréck. Am Kontext vun der verstäerkter Noutfall- a Krisebereedschaft (Préparatioun civile) a fir eng Basisversuergung vun de Bierger och an Zäite vu Stéierunge vum digitale Bezuelnetz ze sécheren, ass d’Resilienz vum Bezuelverkéier vu fundamentaler Wichtegkeet. D’Aarbechte vu Schwede kënnen als Beispill déngen, wéi esou eng nationalsécherheetsrelevant Fro konkret ugepaakt ka ginn. Et stellt sech d’Fro, wéi wäit Lëtzebuerg a punkto offline Bezuelméiglechkeeten an der Planung vun der Resilienz fir Krisenzäite fortgeschratt ass, a wien d’Leedung an d’Koordinatioun vun dësen Efforten am Grand-Duché iwwerhëlt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wat ass déi genee juristesch an operationell Responsabilitéit fir d’Resilienz vum Bezuelverkéier a Krisenzäiten zu Lëtzebuerg, an ënner wéi engem Ministère fält dës Aufgab?
-
Goufen et schonn Diskussiounen oder Aarbechtsgruppe mat de Lëtzebuerger Finanzsecteur-Acteuren (Banken, Kaartennetzwerker, Acquereuren) iwwer d’Aféierung vun Offline-Bezuelméiglechkeeten iwwer Kaart (wéi EMV-Chip-Autorisatioun) fir essenziell Wueren am Fall vun enger laanger Stéierung vun der Datekommunikatioun?
-
Wéi wäit si Lëtzebuerg a seng Acteure vum Bezuelverkéier an der Entwécklung vun esou enger Offline-Léisung fir Bezuelungen a Krisenzäite fortgeschratt, a wat ass den Zäitplang fir eventuell Moossnamen?
-
Ass d’Regierung bereet, d’Zil ze setzen, datt bis de 1. Juli 2026 (analog zu Schweden) Offline-Bezuelungen op d’mannst an de Butteker fir essenziell Wueren (Liewensmëttel, Apdikt, Bensinn) méiglech sinn?
-
Wéi eng Technologien a Moossnamen si geplangt, fir d’Kapazitéit vum Handel ze garantéieren, Offline-Transaktioune fir bis zu siwen Deeg ze späicheren an de Risiko vum Mëssbrauch ze minimiséieren?
-
Gëtt et eng Klassifikatioun vu Lëtzebuerger Banken, déi, wéinst hirer Wichtegkeet fir de Bezuelverkéier, ënner speziell Kontingenzreegelungen falen (wéi et a Schweden de Fall ass) a wéi eng Moossname fir Offline-Funktionalitéit op hire Kaarte gëtt hinnen opgeluecht?
-
Wéi gëtt d’ Roll vum Boergeld an der Krisebereedschaft vum Bezuelverkéier ageschat, a gëtt et eng Strategie, fir sécherzestellen, datt an Noutfäll genuch Boergeld-Automaten (Geldautomaten) funktionéiere kënnen, och bei Stroum- oder Kommunikatiounsstéierungen?
QP Nummer 2994