Hotelschoul am GridX zu Féitz – Nofro

D’Hotelschoul (EHTL) huet am September ee weidere Campus am GridX zu Wickreng opgemaach a bezilt dofir ee Loyer am Gebai. Et gouf sech anscheinend un all d’Krittäre punkto Präis a Qualitéit gehalen an et gouf keng aner Offer fir d’Implantatioun ofgeleent. De geneeë Präis vum Loyer wollten d’Ministeren op meng Fro n°2498 net nennen a behaapten, dass de Loyer bei engem gängege Maartpräisser leit. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat fir eng Krittäre punkto Präis a Qualitéit waren ausschlaggebend, fir beim GridX ze lounen an net op anere Plazen? 

  2. Wéi eng aner Plazen an Offeren huet de Finanzministère analyséiert an iwwerpréift?

  3. Wat ass ee gängege Maartpräis fir dës Regierung? 

  4. Wéi vill Loyer bezilt d’Hotelschoul fir d’Locatioun am GridX? 

  5. Wéi vill Quadratmeter ginn hei gelouhnt a wéi eng Infrastrukturen a Mobilier bitt de GridX der Hotelschoul?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2949

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene