Observatoire de la mobilité

Mam Gesetz vum 24te Juli 2025 relative au traitement des données de mobilité gouf ee gesetzleche Kader geschaf fir massiv Daten zur Mobilitéit am Land kënnen z’erhiewen. Wéi virgule.lu an engem Artikel vum 5te Februar 2025 richteg schreift: “L’observatoire digital de la mobilité, en recueillant les données numériques disponibles, pourrait s’avérer un atout pour résoudre la crise de la mobilité. Mais aussi un risque pour la protection des données personnelles.” D’Donnéeë vu ville Passagéier a Verkeiersdeelhueler wäerten an enger Datebank gespäichert ginn an dës Donnéeë musse gutt geschützt virun Ugrëff an technesche Faillë sinn. D’Mobilitéitsminister ass dem Gesetz no responsabel de Traitement vun der Datebank. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Verwaltunge beim Staat këmmeren sech ëm d’Gestioun vun der Datebank?

  2. Wéi eng net-staatlech Entwéckler an Organisatiounen hunn een Zougank zu der Datebank oder den Donnéeën an der Datebank?

  3. Wéi eng Serveren ginn fir d’Datebank genotzt a wou befannen sech dës Serveren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2888

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene