Wann Polizisten:innen aggresséiert oder beleidegt gi sinn, kënnen si am Dossier eng Remarque heizou maachen. Si sinn an esou Fäll dann och obligéiert, fir eng Plainte géint déi Persoun ze maachen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Plaintë goufen an de leschte 5 Joer no Aggressiounen oder Beleidegunge vu Polizisten:innen agereecht, opgeschlësselt no Kommissariat?
-
Wéinst wat fir enger Aart vun Aggressioun oder Beleidegunge goufen dës Plaintë gemaach? Kann de Minister eng detailléiert Oplëschtung no Kategorie ginn (zum Beispill physesch Aggressioun, verbal Beleidegung, asw.)?
-
A wéi ville Fäll haten dës Plainten eng Suitte? Wat fir eng Suitte waren dat konkret?
-
Gëtt et eng statistesch Evolutioun iwwer dës Period ze observéieren?
QP Nummer 2890