Congé sportif administratif

Nieft verschiddenen aneren Upassunge goufe mam Gesetz vum 21. Juli 2023, dat den 1. Januar 2024 a Kraaft getrueden ass, d’Bestëmmungen iwwert de Congé sportif besonnesch ofgeännert fir de sougenannten „mouvement sportif“ ze stäerken, spréch d’Federatiounen an hier Veräiner an domadder Absënns de Benevolat ze valoriséieren. An engem Interview am Mäerz 2025 an enger Lëtzebuerger Dageszeitung huet de Minister gemengt, op Grond vun der gerénger Unzuel un Demandë wat eben dësen „congé sportif administratif“ ubelaangt, wären net genuch Informatiounen am Secteur.
An senger Äntwert op meng Fro n°2249 vum 24. Abrëll 2025 betreffend de Congé sportif huet de Sportminister allerdéngs gemengt, dass ënnert senger Regie genuch Opklärungsaarbecht geleescht ginn ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister een Tableau vum Congé sportif aus dem Joer 2024 opstelle mat der Unzuel vu gefroten an accordéierte Stonne pro Kategorie vu Beneficiaire vum Congé sportif laut Artikel 15-1 vum Sportsgesetz?

  2. Am besoten Interview huet de Minister gemengt, dass déi international Arbitter oder Jugë kee Congé sportif ze gutt hätten. Kann de Minister präziséieren, säit wéini dëst allerdéngs schonn de Fall ass an, opgrond vun engem Tableau, déi genau Zuele vun 2018 bis 2024 vun Demanden an accordéierte Stonne vun internationalen Arbitter a Jugë matdeelen?

  3. Säit dem 1/1/2025 gëllt de sougenannte „congé sportif administratif“ fir all unerkannte Sportverband, och wann e keng Kompetitiounslizenz huet. Och dëst soll de Benevolat valoriséieren. Kann de Minister een Tableau produzéiere mat der Unzuel vun dësen Demanden, der Zuel vun de gefrote Stonnen, der Zuel vun den accordéierten Demanden a Stonne pro Verband mat dem Gesamtkäschtepunkt fir des Beneficiaire vum Congé sportif?

  4. De „congé sportif administratif“ gëllt dann och fir Memberen aus de Verwaltungsréit vun affiliéierte Veräiner, och wann des Veräiner ebe kee Kompetitiounssport ubidden. Kann de Minister en Tableau produzéiere mat der Unzuel vun dësen Demandë vun de Sportsveräiner, der Zuel vun de gefrote Stonnen, der Zuel vun den accordéierten Demandë pro Veräi mat dem Gesamtkäschtepunkt fir dës Kategorie vu Beneficiairen?

  5. Wat fir eng  Conclusiounen zitt de Minister aus dësen Zuelen? Gedenkt de Minister och hei weider Opklärungsaarbecht ze leeschten?

  6. Am Joer 2024, een olympescht a paralympescht Joer, sinn insgesamt 853.625,64€ am Kontext vum Congé sportif ausbezuelt ginn. Am Staatsbudget 2024 war allerdéngs eng Ausgab vun 2,1 Mio€ virgesinn. Wat ass mat dësem Iwwerschoss geschitt?

  7. Mam neie Gesetz, dat den 1/1/2024 a Kraaft getrueden ass, sinn d’Gemengen an d’Gemengesyndikater net méi vum Staat rembourséiert ginn, wann hier Mataarbechter Congé sportif accordéiert kritt hunn.
    • Kann de Minister an dësem Kontext d’Unzuel vun de gefrote Stonnen aus dem Gemengesecteur, an d’Zuel vun den accordéierte Stonne produzéieren?
    • Wéi vill Käschten hunn dës Demanden an de Joren 2019-2023 pro Joer ausgemaach?

  8. Laut aktuellem Gesetz muss de Patron respektiv den Independant bis spéitstens den 1. Februar eng Demande gestallt hu fir d’Ausbezuele vum congé sportif unzefroen. Wéi vill Stonne congé sportif sinn hei de Léit verluer gaange, well dësen Delai net agehale ginn ass? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2855

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene