Congé sportif a Guide fir Benevolatskoordinatioun am Sportsveräin

Nieft verschiddenen aneren Upassunge goufe mam Gesetz vum 21. Juli 2023, dat den 1. Januar 2024 a Kraaft getrueden ass, d’Bestëmmungen iwwert de Congé sportif besonnesch ofgeännert fir de sougenannten „mouvement sportif“ ze stäerken, spréch d’Federatiounen an hier Veräiner an domadder Absënns de Benevolat ze valoriséieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Am Budget 2025 sinn insgesamt 2,2 Mio € fir de Congé sportif virgesinn, mat sécherlech enger grousser Unzuel vu Stonnen am Kontext vun de Spiller vun de klenge Länner. Wat allerdéngs den „congé sportif administratif“ ubelaangt, dee jo geduecht ass fir déi benevole Aarbecht vun de Comitésmemberen aus de Verbänn an de Veräiner ze valoriséieren, stellt sech d’Fro ewéi hei dem Sportsministère seng Kommunikatioun am Joer 2025 ausgesäit. Et fält op, dass um Site https://sports.public.lu/fr.html weder am Joer 2024, nach am Joer 2025, eng Circulaire un d’Sportverbänn respektiv un hier Veräiner gaangen ass. 

    Ass de Minister net der Meenung, dass aus Transparenzgrënn des offiziell Kommunikatioun mat de Verbänn misst um geleefegen Internetsite rëmzefanne sinn, esou dass och d’Verbänn an hier Veräiner dëst zu all Moment consultéiere kéinten?

  2. Wär et net ubruecht, zumools am Sënn vun der Stäerkung vum Benevolat, elo an der Rentrée am September esou eng Circulaire all de Verbänn an all hire Veräiner zoukommen ze loossen an se dann och op dem uewegenannte Site ze publizéieren?

  3. De 25. Juni 2025 war an dësem Kontext ee sougenannten „Gamechangersevent“ a Präsenz vum Sportminister a vum Familljeminister, mat der Präsentatioun vum „Guide fir Benevolatskoordinatioun am Sportsveräin“. Fir dësen Event konnten d’Participante Congé sportif ufroen.
    • Wéi vill Léit hu fir dëst Event Congé sportif ugefrot?
    • Wéi vill Stonne Congé sportif sinn hei pro Participant vum Sportminister accordéiert ginn a wéi vill huet dëst am Total ausgemaach?
    • Konnte Participante vum 1. Event an dësem Kontext de 25. Juni 2024 och Congé sportif ufroen? Op wat fir eng legal Basis huet sech de Sportminister bezu fir des Diskussiounsronn mat walking lunch als Mesure fir de Congé sportif unzeerkennen? 

  4. Konnten d’Participante vun de villen Evenementer an tables rondes an der Maison du Luxembourg zu Paräis och vum Congé sportif profitéieren?
    • Wann jo, wéi vill Stonne sinn hei zesummekomm?
    • Wa nee, firwat war dëst net de Fall?

  5. Kann de Minister präziséieren, ob am „Guide fir Benevolatskoordinatioun am Sportsveräin“ och iwwert den “congé sportif“ riets geet?
    • Wa jo, wéi gëtt hei iwwert de Congé sportif informéiert?
    • Wa nee, firwat net?
    • Am Fall wou de Congé sportif net an dësem Guide thematiséiert géif ginn, wei erkläert sech de Sportminister dëst, wou dach dëse Guide ebe fir d’Léit aus de Verwaltungsréit vun de Sportsveräiner geduecht ass, fir hier Benevole ze valoriséiere respektiv néi Benevole ze fannen?

  6. Kann de Minister präziséiere wéi vill dëse Guide kascht huet?

  7. An senger Äntwert op meng Fro n°2249 huet de Sportminister, am Kontext vum Congé sportif, eng Applikatioun iwwert MyGuichet fir viraussichtlech Juli 2025 ugekënnegt.
    • Ass des Applikatioun schonn disponibel?
    • Wann jo, wéini gedenkt de Minister heiriwwer ze kommunizéieren?
    • Wa nee, wéini soll dës Applikatioun disponibel sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2856

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene