Laut rezenten Informatiounen huet d’CNS am Joer 2024 en Defizit vu 25 Milliounen Euro notéiert. Et gëtt virausgesot, datt dësen Defizit an den nächste Jore weider wäert wuessen an datt d’Reserve vun der Krankekeess séier kéinten opgebraucht ginn, wat eng direkt Konsequenz op d’Leeschtunge vun der Krankeversécherung kéint hunn.
Wärend eng Preparatiouns-Reunioun fir déi nächst Quadripartite de 15. September 2025 stattfonnt huet, bleift et onkloer, wéi eng konkret Mesuren d’Regierung plangt, fir dëser prekärer finanzieller Situatioun entgéintzewierken. D’Nohaltegkeet vum Gesondheetssystem ass eng Prioritéit fir all Bierger, an et ass essenziell, datt transparent Informatiounen iwwer déi aktuell Situatioun an déi geplangte Léisungsweeër kommunizéiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi héich ass den aktuellen Niveau vun de Reserve vun der CNS a wéini gëtt virausgesinn, datt dës Reserve komplett opgebraucht sinn, wa keng Géigemesurë geholl ginn?
-
Wéi eng konkret Mesurë plangt d’Regierung, fir den Defizit vun der CNS ze reduzéieren ouni d’Qualitéit vun de Gesondheetsleeschtungen ze kompromettéieren?
-
Gëtt et Pläng, d’Bäiträg zur Krankeversécherung ze erhéijen oder nei Finanzéierungsquellen anzeféieren, fir d’finanziell Stabilitéit vun der CNS laangfristeg ze garantéieren?
-
Wéi eng strukturell Reformen am Gesondheetswiese sinn am Kader vun der kommender Quadripartite virgesinn, fir d’Käschten ze kontrolléieren, ouni den Zougang zu Gesondheetsleeschtungen anzeschränken?
QP Nummer 2869