Ausfall vu Starlink an der Ukrain

D’Plattform kyivindependent.com beriicht, dass d’Satelliteverbindung vu Starlink un der Frontlinn an der Ukrain zesummegebrach ass. Doduerch sinn d’Kommunikatiounsverbindungen, déi zum groussen Deel vu Starlink ofhängeg sinn, ausgefall. Et handelt sech schonn ëm den zweete gréisseren Ausfall vu Starlink. Lëtzebuerg huet leschte Joren seng eege Satellitekommunikatiounsinfrastruktur opgebaut a stellt dës och der Ukrain bei der Verdeedegung géint déi russesch Invasioun zur Verfügung.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Sinn d’Satellitekapassitéite vu Lëtzebuerg disponibel, fir d’Ukrain z’ënnerstëtzen an déi feelend Kapassitéiten z’ersetzen? Falls nee, wéi eng aner Kapassitéiten wäert Lëtzebuerg iwwert d’SES der Ukrain elo schnell an direkt kënnen zur Verfügung stellen an a wéi engem Zäitintervall wäert dëst geschéien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2863

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene