Doud maache vun Déieren um Brakeweier op der Kockelscheier – zweet Nofro

Den Ëmweltminister huet op meng lescht Fro hin bestätegt, datt invasiv Déierenaarten am Brakeweier op der Kockelscheier am Kader vun de Botzaarbechten dout gemaach ginn (Fro n°2578).  Wéi vill Déieren dat sinn a wéi eng Déierenaarten, dat wäerte mer zu engem spéideren Zäitpunkt vum Ëmweltminister wësse gedoe ginn. Grad d’Informatioun, ëm wéi eng Déierenaarten et sech handelt, ass awer pertinent aus der Siicht vum Déiereschutz. A menge Froen n°1976 an 2145 hat ech schonns drop opmierksam gemaach, dass et problemaatesch ass, dass een Déieren einfach esou a Baumäärt, nieft Faarwen, Schrauwen an Dünger kafe kann.  Esou kann een zu Beispill Schildkröten einfach esou kafen. Dës Déiere ginn natierlech net registréiert an esou kënnen onverantwortlech Proprietairen, déi d’Déier net méi wëllen, et einfach dobaussen an der Natur, zum Beispill um Brakeweier, aussetzen. Dës “invasiv” Déiere ginn da mat dout gemaach. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Sinn ënnert den invasiven Zorten um Brakeweier och Déieren, déi een am fräien Handel zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun ka kafen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2772

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene