Provisoresch Rechnungen (pro Forma)

A verschiddene Restauranten kréien Clienten virum Bezuelen eng provisoresch Rechnung ausgestallt, wou “facture provisoire” oder “pro forma” drop steht. Et handelt sech dobäi net ëm eng Rechnung, mee ëm eng Offer an déi definitiv Rechnung ass domadder net am Buchung-oder Keessesystem vum Restaurant agedroen. Esou kann et gutt sinn, dass wann de Client Cash bezilt, dës Suen net an der Keess landen, wat d’Dier fir Geldwäsch a Steierhannerzéiung opmécht.
Am Gesetz ass am Code de Commerce festgehalen, dass Transaktioune mat enger Rechnung beluecht musse ginn an eng propper Comptabilitéit muss féieren, wat d’Austelle vu Rechnunge viraussetzt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Client ee Recht, fir eng definitiv Rechnung, wou net “pro forma” dropsteet, vum Commerçant anzefuerderen? 

  2. Wéi soll ee Client sech uleeën, wann ee Commerçant him keng definitiv Rechnung ausstelle wëll?

  3. Wéi eng Strofen musse Restaurateuren a Kaf huelen, wa si dem Client keng Kopie vun der Rechnung ausstellen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2781

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene