Hëllef fir de Cap Vert

Wéi verschidde Lëtzebuergesch Medie beriichten, sinn um Cap Vert si bei engem Stuerm de Méinden op mannst 8 Mënschen ëm d’Liewe komm. D’Insele São Vicente a Santo Antão goufe deelweis schwéier verwüüst duerch Wand an Iwwerschwemmungen an ëffentlech Infrastrukture goufen zerstéiert. D’Land kann all Hëllef an international Solidaritéit aktuell gutt gebrauchen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass vun der Regierung schonn eng geziilten Hëllefsaktioun fir de Kap Verde beschloss ginn?  Falls jo, wéi eng Mëttele ginn hei agesat (finanziell, personell, materiell)?

  2. Huet d’Regierung Informatiounen, wéi vill Lëtzebuerger Bierger sech aktuell um Kap Verde befannen, am Kader vu Vakanzen, berufflechen Openthalter oder anere Grënn? 

  3. Wéi sollen sech eis Staatsbierger um Cap Verde verhalen an u wien kënne si sech bei Problemer wenden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2777

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene