Takata-Airbags

De franséischen Transportministère hat am Januar dëst Joer eng Warnung erausginn, dass d’Airbags vun der Mark Takata (d’Firma gëtt et net méi) beim Ausléisen zu Verletzungen kënne féieren. Dës Airbags sinn a villen europäeschen Autoen agebaut. Ee Reportage op BR24 beriicht, dass et weltwäit 30 Doudesfäll gouf, dorënner och een a Frankräich elo rezent am Juni. De franséischen Transportministère schreift op senger Website: “De nombreux véhicules sont équipés d’airbags de la marque Takata pouvant occasionner des blessures graves voire mortelles au conducteur et/ou au passager avant. Le ministère chargé des Transports et les préfets d’outre-mer lancent une campagne d’information à destination des automobilistes, pour inciter les conducteurs concernés à faire changer leurs airbags Takata sans tarder. Un geste de prévention rapide et gratuit. “

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Ministère Informatiounen, a wéi vill Autoen d’Airbags vun der Mark Takata agebaut sinn?

  2. Wäert de Mobilitéitsministère fir Lëtzebuerg eng Warnung erausginn?

  3. Ass och zu Lëtzebuerg d’Reparatur oder den Ersatz vum Airbag gratis?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2768

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene