Fräiwëlleg Cotisatioun als Fonctionnaire – Nofro

Am Abrëll 2024 hunn ech eng parlamentaresch Fro (N°588) iwwer d’Pensiounscotisatiounen fir Fonctionnairë gestallt. Mir hunn drop higewisen, datt Fonctionnairen am Géigesaz zu anere Leit net d’Méiglechkeet hunn, fräiwëlleg Cotisatiounen op Basis vun nëmmen 1/3 vum Mindestloun ze leeschten.
De 7. Mee 2024 huet de Minister geäntwert an unerkannt, datt bei der Modifikatioun ee Feeler geschitt war. Hien huet confirméiert, datt de Ministère fir sozial Sécherheet iwwersinn hat, datt dat Groussherzogleche Reglement vum 25. Juni 2009 “an der selwechter Logik hätt misse modifizéiert gi” fir dës Dispositiounen och op Fonctionnairen ze applizéieren. De Minister huet versprach, dës Modifikatiounen “esou séier wéi méiglech virzehuelen”.
Iwwert ee Joer no dem ministerielle Verspriechen, dës Ännerung “esou séier wéi méiglech” ze maachen, ass nach ëmmer näischt geschitt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat ass iwwer ee Joer nom Verspriechen, dës Modifikatiounen “esou séier wéi méiglech” ze maachen, nach ëmmer näischt geschitt?

  2. Wéini gëtt dat groussherzoglecht Reglement vum 25. Juni 2009 endlech modifizéiert fir dëse Feeler ze korrigéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2699

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene