Palantir Technologies

An de leschte Joren huet d’amerikanesch Technologiefirma Palantir Technologies verstäerkt Kontrakter mat europäesche Regierungen ofgeschloss fir Datenanalys- a Iwwerwaachungsservicer. Dës Entwécklung huet zu intensiven Diskussiounen iwwer Dateschutz, Souveränitéit an d’Transparenz vun ëffentleche Kontrakter mat auslänneschen Tech-Gigante gefouert. Verschidden EU-Länner hu scho Kollaboratioune mat Palantir agestallt, besonnesch am Beräich vun der Policeaarbecht, Migratiounsiwwerwaachung an nationaler Sécherheet.
Am Kontext vun der aktueller europäescher Debatt iwwer digital Souveränitéit an d’Noutwendegkeet fir transparent ze si wat d’Benotzung vun auslänneschen Datenanalyseservicer ugeet, ass et wichteg ze wëssen, ob an a wéi engem Ëmfang Lëtzebuerg mat sou Entreprisen zesummeschafft. Dëst betrëfft net nëmmen Aspekter vum Dateschutz, mee och d’Fro no der demokratescher Kontroll iwwer sensibel Informatioune,, déi vum Staat gesammelt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn et tëscht der Lëtzebuerger Regierung oder hir Ministèren aktuell Kontrakter mat der Firma Palantir Technologies fir Datenanalys, Iwwerwaachung oder aner Servicer?
    • Falls jo, zu wéi enge Ministèren oder Verwaltungsunitéiten existéieren dës Kontrakter, a wat sinn hir Haaptobjektiver?

  2. Wéi eng Daten oder Informatioune ginn u Palantir iwwerdroe, a wou ginn dës Datë stockéiert a verschafft?

  3. Wéi eng Kontrollmechanisme sinn en place fir ze garantéieren, datt d’Benotzung vun dëse Servicer mat de lëtzebuergeschen Dateschutzgesetzer konform ass?

  4. Gouf eng Impaktanalyse gemaach wat d’Ofhängegkeet vun auslänneschen Datenanalysefirmaen ugeet?

  5. Wéi vill kaschten dës Servicer de lëtzebuergesche Staat, a wéi ginn dës Ausgaben am Budget opgefouert?

  6. Ginn et Alternativpläng fir dës Servicer duerch europäesch oder national Léisungen ze ersetzen oder ganz ofzeschafen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2747

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene