Ophuelen vun amerikanesche Wëssenschaftler

D’Situatioun an den USA weist elo schonns alarméierend Entwécklungen am Beräich vun der Wëssenschaft. Wéi aus dem Artikel “Wie Trump den Wissenschaftsstandort USA in Gefahr bringt” ervirgeet, sinn duerch Massenentloossungen, Mëttelkierzungen a verschiddener Schikanen iwwer 200.000 jonk Wëssenschaftler aus US-Institutiounen entlooss ginn. De Präsident vun der Max-Planck-Gesellschaft, Patrick Cramer, schwätzt vu bis zu duebel esou vill US-Bewerbunge fir däitsch Fuerschungsprojete wéi am Joer virdrun.
Dës Entwécklung kéint eng historesch Chance fir Europa an och fir Lëtzebuerg duerstellen. Verschidde Länner wéi Irland diskutéieren elo schonn iwwer gezielten Ofwerbungsstrategien.  Experte wéi de Christian Stöcker, Professer fir Digital Kommunikatioun, fuerdert esouguer en europäescht Akquiseprogramm mat konkrete Jobofferen an en Ausbaue vun de Professurestellen fir dës Talenter aus den USA unzezéien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi schätzt d’Regierung d’Méiglechkeet an, vun dëser Situatioun ze profitéieren an héichqualifizéiert Wëssenschaftler aus den USA op Lëtzebuerg ze bréngen, besonnesch an de strategesch wichtege Beräicher wéi Kënschtlech Intelligenz, Klimafuerschung oder Medezin?

  2. Ginn et scho konkret Pläng fir e spezifeschen Opnam- oder Rekrutéierungsprogramm fir US-Wëssenschaftler zu Lëtzebuerg, oder sinn dës Pläng virgesinn?

  3. Wéi wäert d’Regierung d’Infrastruktur an d’Ressourcen um Niveau vun der Universitéit Lëtzebuerg a vun eise Fuerschungszentren upassen, fir méiglech nei Fuerscher opzehuelen an hinnen e kompetitiven Ëmfeld ze bidden?

  4. Gëtt et Iwwerleeungen, fir am Kader vun engem europäesche Programm zesummenzeschaffen, fir qualifizéiert Wëssenschaftler aus den USA op Europa ze kréien, an huet d’Regierung dowéinst scho Kontakt mat aneren EU-Memberlänner opgeholl?

  5. Wéi eng finanziell Mëttele sinn disponibel oder kéinte mobiliséiert ginn, fir esou eng Initiativ z’ënnerstëtzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2079

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene