Prime de risques an der Fonction publique

Eng Rei Matarbechter an der Fonction publique kréien eng Prime de risques, well hire Beruff mat Risike ka verbonne sinn. D’Matarbechter vun der Douane kréien fir hir Prime de risque 10 Punkten ugerechent. Bei den Giischtercher sinn et 20 Punkten, bei de Bannhidder 10 Punkten an bei den Agent municipale ënnert dem Statut vum Fonctionnaire sinn et 15 Punkten. 

Bei der Douane ass et also esou, dass all Douanier eng kleng Prime de risque kritt. Souwuel den Douanier, deen a sengem Beruffsalldag tatsächlech mat engem Risiko konfrontéiert ka ginn an dowéinst och eng Waff muss droen, kritt also déi selwecht Prime de risque wéi een Douanier, dee just nach op engem Büro schafft, keng Déngschtwaff méi huet an domat och kengem Risiko a sengem Beruffsalldag ausgesat ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. No wéi enge Krittäre ginn dës Prime de risque an der Fonction publique jeeweils festgeluecht a wéi vill verschidde Niveau de risque ginn et?

  2. Wéi eng Posten an der Fonction publique si fir wéi eng Prime de risques eligibel?

  3. An der Vergangenheet ass et scho zu Tëschefäll komm, bei deenen Douanieren mat geféierleche Situatiounen konfrontéiert goufen. Grad fir d’Personal vum Cynotechnique vun de Services spécialisés aus der Unité Appui logistique oder och aus der Unité Enquêtes judiciaires vum Service Enquêtes et surveillance ass an hirem Alldag dacks mat Risike konfrontéiert.

    Wéi ass et zu dëser Reegelung bei der Douane komm, no där all Douanier déi selwecht Prime de risque kritt, obwuel net fir all Douanier dee selwechte Risiko am Beruffsalldag besteet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 449

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt