Déclaration gouvernementale sur l’avis complémentaire du groupe ad hoc d’experts sur l’instauration d’une obliga- tion vaccinale contre la Covid-19

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, anescht wéi d’Exper- ten et recommandéiert hunn, wäert dëse Summer keng Impfflicht fir Persounen iwwer 50 Joer kommen.

Dat ass also elo déi iwwerraschend Positioun vun der Regierung, déi virun der Publikatioun vun de Recom- mandatiounen nach gesot hat, datt se grad deen Expertenavis wéilt consideréieren an op dee wéilt waarden, fir dann deen ze suivéieren an dat als Ent- scheedungsgrondlag ze huelen. U sech kéint een haut der Regierung oder zumindest dem Staatsminis- ter eng Goldmedail am Zréckrudderen offréieren.

(Interruption)

Well genau dat ass hei geschitt: Am Januar dat Eent als alternativlos proklaméiert an haut genau dat nämmlecht, jo, erëm ofgemellt, kéint ee bal soen.

Haaptgrond, fir elo awer keng Impfflicht anzeféieren, ass der Regierung no d’Onsécherheet, déi mam Virus a senge ville Variante verbonnen ass, an e rezenten – et muss rezent sinn – Zweifel dorunner, ob eng Impf- flicht iwwerhaapt eppes géif bewierken.

Mir wëssen haut net, wéi enger Variant a wéi engen héijen Infektiounszuele mer am Hierscht, am Wanter géintiwwerstoe wäerten. Wéi solle mer do wëssen, ob eng Impfflicht néideg an domat gerechtfertegt ass? A kann ee wierklech dovunner ausgoen, datt Persounen, déi méi Angscht virun der Impfung wéi virum Virus hunn, sech fräiwëlleg wäerten impfen, wann et bis eng Impfflicht gëtt? Alles eigentlech keng nei Froen, mee iergendwéi hu se entre-temps bei der Regierung eng nei Gewiichtung kritt.

Fir eis waren dës Froen awer schonn ëmmer zentral an duerfir ware mer och am Wanter schonns géint eng Impfflicht. Mir haten d’Fro vun der Impfflicht deemools bekannterweis och eise Memberen zum

Vott virgeluecht. An och do huet sech eng kloer Majo- ritéit géint eng Impfflicht ausgeschwat. Elo am Sum- mer bleiwe mer also bei eiser Positioun, an zwar net, well mer mengen, d’Impfung wär onnëtz, mee well mer net mengen, datt een den Impftaux mat enger Impfflicht an d’Luucht dreiwe kann.

D’Erfarungen aus dem Ausland weisen, datt Mën- schen, déi sech net wëlle géint de Covid impfe loos- sen, sech majoritär och net dann impfen, wann eng Impfflicht agefouert gëtt. An et gi souguer Etüden, déi sech mat enger Impfflicht géint d’Riedele beschäf- tegt hunn, déi weisen, datt Mënschen den Impfstoff, wann en obligatoresch ass, éischter ofleenen an éischter fir geféierlech halen, wéi wann d’Impfung fräiwëlleg ass. D’Vertrauen an d’Institutiounen!

Dat ass sécher net dat, wat ee sech als Gesetzgeeber vun enger Impfflicht géif erhoffen. De Premier hat also Recht, wéi e gëschter sot, datt eng Impfflicht just dann en Erfolleg ka sinn, wa se vun enger bree- der Majoritéit vun der Bevëlkerung gedroe gëtt, dat heescht, wann e gesellschaftleche Konsens besteet, datt ee sech soll impfen, well sech da jo souwisou jidderee fräiwëlleg wäert impfen. Da stellt sech eebe just d’Fro, firwat een dann iwwerhaapt nach eng Impfflicht brauch, wann d’Leit sech jo grad fräiwëlleg impfen, well et jo e Konsens gëtt.

Dir gesitt, dat geet hei e bëssen am Krees. De Pro- blem vun der Impfflicht ass also deen: Wa vill Leit sech net wëllen impfe loossen, schéngt eng Impfflicht zwar sënnvoll ze sinn, mee d’Praxis weist, datt se den Impftaux awer net hieft, well d’Leit léiwer d’Strofen akzeptéiere wéi eng Impfung ze kréien, där se net trauen. A wa vill Leit sech wëllen impfe loossen, majo, da brauch et keng Flicht. D’Impfflicht ass an deem engen Zenario also wierkungslos an an deem aneren onnéideg.

Eng Impfflicht schéngt also a kengem Fall zilféierend ze sinn, an dat werft elo natierlech Froen op, wann et drëms geet, eeben déi Texter ze preparéiere fir eng eventuell Impfflicht fir de Wanter.

Prinzipiell ass et jo net schlecht, virbereet ze sinn. An dofir hätte mer sécher näischt dergéint, wann d’Regie- rung schonns Texter géif preparéieren. Et wonnert mech dann hei awer erëm, datt dat nach ëmmer net gemaach gouf. Mir kruten ursprénglech gesot, am Abrëll wären d’Texter do. Ech hunn eng Kéier rezent op de Kalenner gekuckt …

(Interruption)

Här Bausch, „Jo, se sinn do.“ Mir kréien allkéiers vun der Regierung gesot: „D’Texter sinn do, d’Texter sinn do.“ Dës Chamber als Legislateur huet déi Texter nach net gesinn an dat net am Abrëll, net am Mee, net am Juni, net am Juli bis elo. An domadder sinn d’Texter fir d’Chamber net do. Se sinn net vun der Regierung deposéiert. An deementspriechend kënne mer net op engem konkreeten Text diskutéieren. Mir diskutéie- ren …

M. Fernand Etgen, Président | Här Clement, erlaabt Der, datt den Här Bausch Iech eng Fro stellt?

M. Sven Clement (Piraten) | Jo, e ka mer gären eng Fro stellen.

M. François Bausch, Vice-Premier Ministre | Här Clement, Dir sidd jo genau wéi mir der Meenung, datt, wann een e Gesetzesprojet wëllt deposéieren, da muss een en Exposé des motifs schreifen, wou ee jo dra justifizéiert, wat een an den Artikele wëllt maachen. Or, hei wär d’Justifikatioun jo d’Proportio- nalitéit, ob d’Impfflicht gerechtfertegt wär oder net. A mee natierlech hu mer och missen den Avis vun den Experten ofwaarden an d’Situatioun analyséiere fir ze kucken, wat mer an den Exposé des motifs draschrei- wen.

Also den Text ass fäerdeg, d’Madamm Tanson huet dee ganz fäerdeg. An e Freideg, wäert Der emol ge- sinn, wäert en ugeholl ginn an da gëtt en … informell kritt Der en och ze gesinn. Dat heescht, wann Der en e Freideg dann oder d’nächst Woch informell ze gesi kritt, da musst Der jo och wëssen an och verstoen an do kënnt Der Iech jo denken, datt mer scho méi laang dru geschafft hunn, soss wär dat net méiglech.

M. Sven Clement (Piraten) | Här President, ech hu jo gären dem François Bausch d’Méiglechkeet ginn, eng Fro ze stellen. Ech hu just hei keng Fro héieren.

M. François Bausch, Vice-Premier Ministre | Sidd Dir der Meenung, datt een en Exposé des motifs ka schreiwen, nëmmen op Basis vu seriöen Donnéeën an Daten, déi een huet? Well dat ass jo d’Justifika- tioun, fir datt een herno am Artikel dra schreift, datt een d’Impfflicht eventuell géif aféieren.

M. Sven Clement (Piraten) | Also ech sinn der Mee- nung, datt de Premierminister am Januar oder am Februar e ganz kloren Exposé des motifs ginn huet fir d’Positioun, déi hien deemools hei op der Tribün ageholl huet. Wann d’Regierung nach ëmmer géif zu deem stoen, wat de Premier am Fréijoer gesot huet, dann hätt se dat an den Exposé des motifs kënne schreiwen an och hei schonn deposéiere kënnen.

Datt sech natierlech elo dem Premier seng Meenung vu Februar bis Juli esou ëm 180 Grad gedréint huet, dat ass awer elo net der Chamber hire Feeler ge- wiescht. Dat heescht, Dir hätt deen Text scho kënnen am Abrëll deponéieren.

Bon, ech hu just gemierkt, meng Zäit ass weidergelaf, wärend den Här Bausch geschwat huet.

M. Fernand Etgen, Président | Ech hunn dat ge- mierkt …

M. Sven Clement (Piraten) | Gutt.

M. Fernand Etgen, Président | … an notéiert.

M. Sven Clement (Piraten) | Wann dësen Hierscht a Wanter also géif eng ganz schlëmm Covidwell kommen, wou ganz vill Leit a kuerzer Zäit erëm ganz schlëmm krank géife ginn, dann ass unzehuelen, datt d’Leit sech och erëm impfen a boostere wéilte loos- sen.

Dee Problem hate mer nämlech schonn eng Kéier, nämlech am Ufank vun der Pandemie. Wéi d’Impf- stoffer do waren, hate mer Impfdrängler, e Problem, dee mer matten an der Pandemie haten a mat de ganzen Impfverweigerer e bëssen a Vergiessenheet geroden ass. Mee wann d’Situatioun net gutt ass, da wëllen d’Leit sech normalerweis och schützen. An deem Fall bräichte mer also keng Impfflicht, well d’Impfbereetschaft héich wäert sinn. Dat ass e bës- sen … Ech schreiwe quasi den Exposé des motifs.

A wann d’Situatioun net esou eescht ass a wa kee schlëmme Variant am Wanter zirkuléiert, da stagnéi- ert den Impftaux zwar vläicht, mee dann ass dat och an der Rei.

Do stellt sech also d’Fro, op wéi een Zenario sech mat den Texter zur Impfflicht iwwerhaapt nach vir- bereet gëtt. Eng Situatioun, an där Mënsche sech einfach net impfe wëllen, obwuel se alleguerte ganz schrecklech krank ginn, an awer och net esou staark géint d’Impfung sinn, datt se sech vun engem Gesetz géifen iwwerzeege loossen? Ech ka mer deen Zenario iergendwéi net virstellen.

Ech verstinn all d’Experten an d’Dokteren, déi eng Impfflicht recommandéieren. Weltwäit weisen d’Etü- den, datt d’Impfen hëlleft. D’Iwwerleeung schéngt also ganz einfach ze sinn, reng wëssenschaftlech: a) Wann impfen hëlleft, da b) impfe mer einfach

jiddwereen an c) de Problem ass geléist. An dat geet jo am beschte mat enger Flicht, well da muss jo jidde- ree senger Flicht nokommen. Et schéngt also ganz logesch ze sinn, ganz einfach, vum medezinneschen Expertestandpunkt evident: Impfen hëlleft, a wa méi Leit geimpft sinn, wat besser. Dofir impfe mer jidd- weree mat enger Flicht.

Bon. D’Psychologie vun de Mënschen ass awer e bës- sen anescht an déi mécht dann och e Stréch duerch d’Rechnung, well et kënnt eeben, och wann et e Ge- setz gëtt, net jiddereen enger Flicht no. Soss géif et kee ginn, deen ze séier fiert, keen, dee mam Handy um Steier fiert, an et géifen och eng ganz Rëtsch aner Contraventiounen net ginn. Et géif och zum Beispill kee Mord ginn, wa jiddweree sech géif un d’Gesetz halen.

Mee ganz am Contraire géifen hei souguer Trotzreak- tiounen entstoe vu Leit, déi haut schonn eng Impfung refuséieren, déi dat dann net méi als perséinleche Choix géife gesinn, mee als politesche Statement.

Mir Piraten denken dofir, datt een hei weider op d’Sensibiliséierung sollt setzen, well dat deen eenze- ge Wee ass, d’Persounen, déi am Moment zécken, ze iwwerzeegen an net mat gesetzlechem Drock ganz ze verléieren.

An deem Kontext hunn ech et ganz interessant fonnt, wéi vun den Experte wärend der Presentatioun vun hirem Rapport ugeschwat ginn ass, datt jo prinzipiell och all déi Leit, déi haut wéinst hirem Alter als vulne- rabel gëllen an nach net geimpft sinn, en Hausdokter hunn, dee se zanter dem Ufank vun der Pandemie warscheinlech schonn e puermol gesinn hunn. Krut hiren Dokter se also net iwwerzeegt? Oder huet e vläicht näischt gesot?

Ech mengen, datt d’Hausdokteren eng wichteg Ver- trauenspersoun duerstellen an hei en zentrale Punkt ass, wou d’Sensibiliséierungsaarbecht muss usetzen. Hei kéint d’Regierung gemeinsam mat Hausdokte- ren an eventuell och mat Psychologen nach Pisten ausschaffen, wéi eng Doktesch oder en Dokter am beschte sollt op de Patient duergoen, deen eigent- lech e grousse Risk huet a sech awer net impfe wëllt loossen. Et geet ëm d’Sensibiliséierung.

An da vläicht e leschte Punkt – an da kommen ech och gläich zum Schluss – ass, datt, wann ee mat Wës- senschaftler zesummeschafft, een net kann dervun ausgoen, datt déi Aarbecht gratis ass. Well eppes muss kloer sinn: All d’Experten an d’Wëssenschaftler, déi un esou engem Projet bedeelegt sinn, ob et Psy- chologe sinn, ob et Hausdoktere si fir eng Sensibili- séierungscampagne oder ob et d’Experte vun engem Avis sinn, missten och fir hir Aarbecht entlount ginn.

Datt den Expertegremium vun der Regierung fir säin Avis keng Entschiedegung erhalen huet, huet, mengen ech, ganz vill Leit einfach emol iwwerrascht.

Mee et ass an der Wëssenschaft jo üblech, datt d’Leit schlecht oder net bezuelt ginn. Natierlech ass et wichteg, datt d’Wëssenschaftlerinnen an d’Wëssen- schaftler onofhängeg kënne schaffen. An do ass et natierlech ni gutt, wann et eng finanziell Ofhängeg- keet géif ginn. An awer, wann een eng Etüd an Op- trag gëtt, da soll een och dofir bezuelen, well et ka jo net heeschen, datt Dokteren a Wëssenschaftler elo just nach gratis hir Aarbecht ubidden. Ech mengen, datt een hei hätt kënne besser Léisunge fannen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech kommen zum Schluss. Mir Piraten waren am Wanter géint eng Impfflicht a mir sinn et och haut nach. Nee, net wëll mer mengen, datt Impfen näischt bréngt, mee well eng Flicht eis net weiderbréngt. Amplaz géife mer weider op Sensibiliséierung setzen anstatt op

Bestrofungen an natierlech d’Aarbecht mat Wëssen- schaftler an Experten op Regierungsniwwo weiderféie- ren – mee just, wann dës och fair entlount ginn!

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Virun e puer Joren haten d’Piraten eng Diskussioun iwwert d’Pelzverkafsverbuet an der Chamber ugestouss. An enger Aktualitéitsstonn zum Thema gouf vun eiser Säit eng
An der däitscher Press gëtt beriicht, dass d’Polizist:innen am Saarland an Zukunft wäerte mat engem spezielle Schal equipéiert ginn, deen si viru Messerattacken um
Virun zwou Wochen huet d’Zuchstreck tëscht Esch a Beetebuerg misste gespaart ginn, well eng Fënster vun der Foussgängerbréck iwwert der Schefflenger Gare op d’Gleiser