De Piraten Deputéierten Sven Clement huet den 16ten Mee 2023 eng Gesetzespropos zum Thema Liwwerketten déposéiert.
Dëst Gesetz ass an Zesummenaarbecht mat der “Intitative pour un devoir de vigilance” entstaanen. D’Zil vum Gesetz ass et, fir d’Klima an d’Mënscherechter an den Liwwerketten ze schützen.
Et ginn schonn änlech Gesetzer an Frankräich (säit 2017), Däitschland (säit 2023), Norwegen (säit 2022), der Schweiz (fir Konfliktminieralien wéi Gold ab 2022) an an England (säit 2015).
An der Belsch an an Holland leien Gesetzesproposen fir.
Em wat geet et am Gesetz?
D’Propos, déi vun de Piraten agereecht ginn ass, gëllt fir Firmen, déi 2 vun de folgenden 3 Krittären erfëllen:
• 250 Aarbechter
• oder 50 Milliounen Chiffre d’affaire
• oder 43 Milliounen Bilan
PME sinn och betraff wann se an Secteurs à risques ënnerwee sinn. Secteurs à risque sinn déi déi am Plan national (pour la mise en œuvre des Principes directeurs des Nations Unies relatifs aux entreprises et aux droits de l’Homme ) vun der Regierung virgesi sinn.
Dës Firmen mussen an deem Fall ee Plan de vigilance opstellen.
Do muss dann déi ganz Liwwerketten an méiglech Geforen idenfitizéiert ginn an Léisunge fir déi Geforen proposéiert ginn.
Verstéiss géint Mënscherechter an Aktiounen konträr zum Kampf géint de Klimawandel si viséiert.
ONGen dierfen mat un den Plans de vigilance schaffen. Et ass eng ëffentlech Consultatioun virgesinn.
Dann gëtt och een neien Etablissement public geschafft, fir dëst Gesetz ze kontrolléieren a wa néideg Strofen auszeruffen.
Fir Leit, déi duerch d’Handele vun enger Firma mat Sëtz zu Lëtzebuerg zu Schued komm sinn, gouf d’Recht geschaaft, fir dowéinst virun een lëtzebuerger Geriicht ze goen. Dee Moment kënne se vun den ONGen ënnerstetzt ginn.
Fir weider Detailer zum Text klickt hei.
Hei den ganze Text am Pdf: