Hëllefe fir Asblen am Beräich Rechtsstaatlechkeet a Mënscherechter

Context:

Budgetsdebatt zu den Projet de loi 8080 an 8081

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • D’EU Kommissioun an hirem “2022 Rule of Law Report” Lëtzebuerg oprifft fir “Continue with the process to adopt the reform on making legal aid more accessible” ;
  • dass d’Recht op eng Assistance judiciaire mam Projet de loi n°7959 soll reforméiert ginn, dëse Projet sech awer net op de Schutz vu Mënscherechter a Rechtsstaatlechkeet am Allgemenge fokusséiert;
  • Dass Passerell ouni privat Ënnerstëtzung hätt am Summer dëst Joer seng Aktivitéite misste komplett astellen. D’Organisatioun huet awer trotz privatem an ëffentlechen Hëllefe missten hir Aktivitéite staark reduzéieren;  
  • Dass 20 Organisatiounen an eng Réi aner Acteuren den 3ten August ee Bréif un d’Regierung adresséiert hunn, fir méi ëffentlech Ënnerstëtzung fir ONGen am Beräich vu de Mënscherechter.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. E Fond de subside opstelle fir Asblen am Beräich Rechtsstaatlechkeet a Mënscherechter.
     

Eis Motioun gouf an d’Aussen- a Justizkommissioun verwisen. Säit 2023 gesäit den Justizministère elo 75’000€ Ënnerstetzung fir.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene