Zukunft vun de Busser mat Gasuntrib

Virun e puer Méint hat de Mobilitéitsminister an enger Kommissioun d’Restrukturéierung vum RGTR-Netz presentéiert. Dobäi sollen d’Buslinnen a verschidde Kategorien agedeelt ginn: Expresslinnen, Regional-Linnen an Transversal-Linnen. D’Busser, déi um neie Reseau fueren, solle bis 2030 emissiounsfräi sinn, esou steet et am Koalitiounsaccord. Elo ass et esou, datt um Busreseau verschidde Privatentreprisë ma och Syndikater fueren. D’Busflott vum TICE am Süden fiert zum Beispill zum groussen Deel nach mat enger moderner Flott Busser, déi mat Äerdgas bedriwwe ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Mam Zil bis 2030 een emissiounsfräie Busverkéier z’erreechen, wäerten all Busser mat elektresch musse fueren oder setzt d’Regierung op een Energiemix aus Waasserstoff a fossillen Energien?

  2. Däerf den TICE seng nei Busser mat Gasuntrieb an den nächste Jore weiderhi benotzen oder mussen hei nei Investitioune gemaach ginn, fir d’Busflott konform mat der Regierung hire Pläng ze gestalten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2732

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt