Den gréissten Internet-Filter, deen et jee an Europa gouf, gëtt grad opgebaut.
D’Europa Politiker schaffen um Gréissten Internet-Filter, dee mir jeemools gesinn hunn. Dat kléngt elo vläicht e bëssen dramatesch, ass awer leider keng Iwwerdreiwung. Falls dësen Virschlag ugeholl gëtt, mussen Firmen wéi Soundcloud, eBay, Facebook an Flickr, alles filteren, wat s du eroplueden wëlls. Een Algorithmus entscheet dann, wat s du dem Rescht vun der Welt däerfs weisen a wat net.
Firwat hunn ech dovunner bis elo nach näischt héieren?
De Virschlag fir dësen Internet-Filter ass verstoppt am Artikel 13 vun engem aneren Virschlag fir déi nei Europäesch Urheberrechtsveruednung. Mä et brauch net vill Fantasie fir sech virzestellen, firwat Internet-Filter soss nach kënnen benotzt ginn. Mir wetten, datt Politiker well drop gammsen fir Internet-Filter ze benotzen, domat se hier eegen Politesch Agenda duerchboxen kënnen. Zum Beispill: Onerwënschten politesch Meenungen verschwannen doen.
Haaptproblem
Et gëtt eng helle Wull u Grënn, keen Internet-Filter ze wëllen. Hei sinn mol déi dräi wichtegst.
- Et ass een Ugrëff op däin Recht op eng fräi Meenungsäusserung. Du entscheets net méi selwer, wat s du deelen kanns.
- Automatesch Filter wéi dësen, tendéieren dozou vill Feeler ze maachen an et wäert deng Aufgab ginn, géint dës Feeler fir ze goen.
- Dëse Virschlag verleet grouss Plattformen dozou, Risiken ze vermeiden. An zwar op Käschten vun denger Fräiheet. Ergo Zensur.
Filter funktionéieren net
Fir d’éischt: Filter si ganz schlecht beim erkenne vun Inhalter. Et ginn e ganze Koup Beispiller dofir:
- De Schoulmeeschter säi Léiermaterial dat blockéiert gouf
- D’Biller vun der Marslandung, déi ongewollt op enger Sperrlëscht gelant sinn
- Zéngdausend vu Videoen, déi Krichsverbriechen a Syrien dokumentéieren an déi vu YouTubes Filter geläscht goufen.
Automatesch Filter, filteren ze wéineg (loosse Saachen duerch, di sollte geblockt ginn) an awer och ze vill (blockéieren Inhalter, di net geblockt solle ginn).
Et kann een net mat automatesche Filter géint Copyright-Verletzunge virgoen
Den Internet-filter gouf virgeschloen, fir Copyrightverstéiss ze verhënneren. D’Urheberrecht ass awer ze komplex fir eng eenzeg Léisung, di sech wéi d’Aaxt am Bësch ka verhalen.
Zum Beispill: Dacks ass et zoulässeg, geschütztent Material als Zitat oder als Satir ze benotzen. Heiansdo ass et dat awer och net. Meeschtens ass et esou onkloer, ob eppes erlaabt ass oder net, dass de Fall viru Gericht muss entscheet ginn. Dat si keng Entscheedungen, déi een engem automatesche Filter iwwerloosse wéilt.
Filter sinn ufälleg fir schläichend Funktiounserweiderungen
Ob laang Sicht geet et net em Copyright. Wann et no de Politiker goe géif, géife Filter dofir benotzt ginn, fir Videoen ze blockéieren oder fir ongewollte politesch Meenungen am Keim ze erstécken.
Ee Beispill dofir: Spuenien huet en Internet-filter fir illegal Glécksspillsäiten ze bekämpfen. De selwechte Filter gouf awer och benotzt, fir d’katalanescht Referendum ze verhënneren.
Fir et kuerz ze maachen: Wann mir net elo handelen, dann treffen d’Politiker eng Entscheedung, di der Meenungsfräiheet massiv entgéint wierkt.
Filter sinn feelerufälleg an entscheeden falsch
Julia Reda, Member vum Europäeschem Parlament, huet e Puer Fäll verëffentlecht, an dem genau esou een Filtere falsch entscheeden huet. Hei sinn e puer Beispiller.
Copyright-Filter blockéiert Virliesung zum Thema – Copyright.
Op enger Opnam vun enger Virliesung zum Thema Auteursrecht vun der Harvard Law School, spillt den Professer en kuerzen Ausschnëtt aus engem Jimi Hendrix Lidd. Dat ass legal an onproblematesch:
Am Auteursrecht ginn et Ausnamen, an deem geschütztent Material zur Léier kann benotzt ginn. Youtube-Filter konnten den Kontext awer net beuerteelen an hunn einfach “Nee” gesot.
Wat leieren mir dorausser? Filter kënnen keng Ausnamen erkennen.
Filter geheien der NASA vir, Videoen ze verëffentlechen, déi der NASA selwer gehéieren.
All Dokumenter déi vun der NASA verëffentlecht ginn, sinn „public domain“. Se gehéieren der Ëffentlechkeet an dierfen dofir och vun jidderengem benotzt ginn. Verschidden Fernsehsender benotzten Biller vun der NASA an hirer Sendung an schützen hier Ausstralungen mam Auteursrecht, sou wéi si et ëmmer maachen. Wéi Copyright-Algorithmen dunn dës Sendungen analyséiert hunn, hunn si d’NASA-Material erkannt. Dorausser hunn se dunn beschloss, dass d’NASA d’Auteursrecht vum Fernsehsender verletzt huet. De Problem gouf natierlech séier geléist. Allerdéngs eréischt nodeems all d’Videoen vun der NASA blockéiert goufen.
Wat leieren mir dorausser? Filteren kënne net mat „Public Domain“ ëmgoen.
Filter analyséieren Videomaterial, wat Krichsverbriechen dokumentéiert. Gesinn awer nëmmen d’Krichsverbriechen selwer.
Sozial Netzwierker wëllen hier Benotzer net mat Inhalter konfrontéieren, déi fir se onangenehm kéinten sinn. YouTube benotzt zum Beispill en Filter, fir d’Erkennung vun „extremisteschen Inhalter“.
D’Resultat? 10.000 Videoen, di Krichsverbriechen a Syrien dokumentéieren, goufen geblockt. De Krich, sou huet et geschéngt, war ob eemol e bëssen manner grausam. An dat nëmmen, well de Filter net tëschent Filmmaterial zur Dokumentatioun an Filmmaterial zur Ënnerstëtzung vun enger Saach, ënnerscheeden kann.
Wat leieren mir doraus? Filter verstinn keen Kontext.
Vir et kuerz ze maachen: Filter versoen.
Mir dierfen keng Internet-Filter hunn, di duerch den Internet zeien an iwwert eis Meenungsfräiheet bestëmmen. Vir d’Bierger kann dat net gutt ausgoen. Mir mussen sécherstellen, dass Politik dat versteet.
Sozial Netzwierker an deng fräi Meenungsäusserung
Wann Internet-Firmen all är Uploads (Postings, Photoen, Videoen, Zitater asw) préiwen mussen, dann ginn se och dofir verantwortlech gemaach, wann hier Filteren fälschlecherweis Inhalter duerchloossen.
A filteren ass schwéier. Wann et ëm Auteursrecht geet, kann e Filter. d’Grozonen net erkennen. Ausnamen fir d’Léier oder fir Parodien an Zitater.
D’Sozial Netzwierker hunn dann nëmmen zwou Méiglechkeeten:
Hiert eegent Risiko ze reduzéieren an domadder alles ze blockéieren, wat eventuell an dës Grozon gehéiert oder hiert Risiko ze erhéijen an domadder Parodien, Zitater an aner Ausnamen ze erméiglechen. D’Reaktioun vun den Firmen ob dës Verantwortung ass net iwwerraschend… Se ginn léiwer op Nummer sécher an iwwerdreiwen et mam blockéieren.
Däin Recht op Meenungsfräiheet wäert ëmmer manner Wäert sinn wéi hier Geschäftsinteressien.
Filter versoen
Et ass glaskloer, dass Internet-Filter Feller maachen a Verëffentlechunge fälschlecherweis blockéiere wäerten. Dohier wier een Beschwéierungsmechanismus engem Internet-Filter vir ze zeien.
Héiert sech dach gutt un oder? Wann deng Artikel oder Memes et net duerch de Filter packen, da kanns du de Bedreiwer vun der Plattform kontaktéieren an de Problem ka geléist ginn oder du kanns dem Bedreiwer souguer erklären, firwat de Filter an dengem Fall eng Ausnam maache sollt. Leider wäert et wuel aneschters lafen.
Den Inhalt erëm fräiginn, mëscht den Schued net réckgängeg.
Éischtens: Bis d’Entscheedung do ass, vir deng Verëffentlechungen fräi ze ginn, kënne labber 2 Woche vergoen. Mä an zwou Woche ka villes geschéien. An dee Moment, wou s du däin Bäitrag oder deng Meenung verëffentleche wollts, wou se och nach een Impakt hätt kéinten hunn, ass eriwwer.
D’Benotzer wëllen dann och ob Nummer sécher goen – an sech selwer zenséieren.
Zweetens: Et ass net einfach Reklamatiounen anzebréngen. Du wäers op mannst gezwonge ginn, dech selwer ze identifizéieren a laang a breet ze erklären – an och ze beweisen – firwat deng Verëffentlechung hätt sollen erlaabt ginn. Ween well schonn seng Zäit domadder verbréngen, juristesche Falen aus de Féiss ze goen, nëmme vir en (legalen!) Video ze verëffentlechen?
Du hues besser Saachen ze dinn. Dohier wäers du bei der nächster Kéier wann s de een Video erstells, villäicht en besonnescht Zitat oder anert Material, ewech loossen. Den Internet-Filter wäert net verhënneren, dass du Videoen erstells. Mä en wäert lues awer sécher deng Fräiheet aschränken an dech dozou verféieren der selwer een Maulkuerf unzedoen.
Sozial Netzwierker wäerten hier Notzungsbedéngungen anhalen, net d’Gesetz.
Zu gudder Lescht, kéint eng Reklamatioun fir dech net ëmmer méiglech sinn. Vir de Risiko an den Opwand ze miniméieren, wäerten d’ sozial Netzwierker hier Notzungsbedéngungen esou erweideren, dass se all Inhalt an all Benotzerkonto ouni Begrënnung läsche kënnen.
Wann däin Upload op Grond vun den Notzungsbedéngungen blockéiert gëtt, dann hues de kee Recht dech ze beschwéieren – souguer wann de Contenu vollkomme legal ass.