Wou ass d’Base légale vun de private Secherheetsfirmen, déi fir d’Gemengen am Asaz sinn?

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro N°3211 vum Deputéierte Marc Baum huet de Minister Henri Kox op d’Fro no enger legaler Basis fir den Asaz vu private Sécherheetsfirme fir d’Oprechterhale vum Ordre public geäntwert:

“Le maintien de l’ordre public a toujours été et demeure une mission exclusive des agents de police. Aussi, le principe politique et juridique le plus important en matière de sécurité privée au Luxembourg est et a toujours été de ne pas faire des agents privés de sécurité des “policiers auxiliaires”.”

Des Weidere sot de Minister a senger Äntwert, dass hien net um Courant wär, wéi eng “mission spécifique” d’Agente vun der privater Sécherheetsfirma uvertraut kritt hätten a verweist op d’Gesetz vum 12. November 2002 iwwert d’activités privées de gardiennage et de surveillance. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Regierung mëttlerweil Kenntnis vun der Missioun, déi d’Staat Lëtzebuerg der privater Sécherheetsfirma ginn huet, déi op der Stater Gare an an der Uewerstad patrulléiert?

  2. De Minister konnt op d’Fro vum Här Baum keng legal Basis fir den Asaz vu private Sécherheetsfirmen nennen an d’Gesetz vum 12. November 2002 iwwert d’activités privées de gardiennage et de surveillance, op wat de Minister verwisen huet, seet am Artikel 2 just:
    “Les activités de gardiennage et de surveillance visées par la présente loi comprennent:
    1. la surveillance de biens mobiliers et immobiliers;
    2. la gestion de centres d’alarmes;
    3. le transport de fonds ou de valeurs;
    4. la protection de personnes.”

    Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Gesetz vum 12. November 2002 och fir den Asaz vu private Sécherheetsfirmen duerch Gemengen als Ënnerstëtzung fir d’Police eng Base légale duerstellt?
    Falls jo, op wéi eng Argumenter grënnt sech des Aschätzung?
    Falls nee, gëtt et eng aner legal Basis?

  3. Falls et aktuell keng legal Basis fir den Asaz vu private Sécherheetsfirme fir Patrullen am ëffentleche Raum gëtt, envisagéiert d’Regierung eng legal Basis ze schafen oder soll den Asaz vu private Sécherheetsfirmen am Kader vum Maintien vum Ordre public gestoppt ginn?

  4. Misst den Asaz vu private Sécherheetsfirmen am Kader vum Maintien vum Ordre public net egalwéi gestoppt ginn, bis eng Base legal existéiert?

  5. Kéinte Bierger géint eng privat Sécherheetsfirma oder eng Gemeng eng Plainte maachen, wa si am ëffentleche Raum iwwerwaacht ginn duerch Employéeën vun enger vun der Gemeng engagéierter Sécherheetsfirma, ouni dass et heifir eng legal Basis gëtt? 

  6. Kéint e Minister géint eng privat Sécherheetsfirma oder eng Gemeng eng Plainte maachen, wa Bierger am ëffentleche Raum duerch Employéeë vun enger vun der Gemeng engagéierter Sécherheetsfirma iwwerwaacht ginn, ouni dass et heifir eng legal Basis gëtt?
    Falls jo, hätt dat net misste geschéien?

  7. An engem Radiosinterview sot de Minister Kox den 03.02.2020, den Ordre public misst ënnert der Kontroll vum Staat bleiwen an d’Inspection Général de la Police géif eng Analyse maachen, iwwert den Impakt, deen den Asaz vu private Sécherheetsfirmen op d’Policeaarbecht hätt. Ass de Minister der Meenung, dass den Asaz vu private Sécherheetsfirmen duerch Gemenge misst gestoppt ginn, bis den Impakt kloer ass?

  8. Am Fall wou eng Persoun sech an hire Rechter verletzt fillt wärend enger Enquête oder enger Festnam duerch d’Police, ka si eng Plainte maachen, wouropshin d’Inspection Générale de la Police ënnersicht. Wien ass fir d’Kontroll vun den Aktivitéite vun den Employéeë vu private Sécherheetsfirmen zoustänneg, wann dës fir eng Gemeng als Ënnerstëtzung vun der Police agéieren?

Verlaf an der Chamber

n°3547

Zesummenhang posts

D’Piraten hu sech iwwert déi lescht Joren fir den TICE staark gemaach mam Ziil, den Erhalt vum ëffentleche Bussyndikat ze garantéieren an eng Privatiséierung
D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier