Wëldfleeschprodukter

Am Handel feelt et u Kennzeechnunge fir Wëld-Produkter. Esou léisst sech net ëmmer feststellen, aus wéi engem Land d’Wëldfleesch kënnt an ob et sech ëm fräi liewend Déieren oder Ziichtunge gehandelt huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn hei zu Lëtzebuerg am Moment Wëldfleesch-Produite verkaaft, déi ee Label hunn?
    1. Wa jo, wéi eng Labele sinn dat?
    2. Wa jo, wéi vill Prozent vun de Wëld-Produite hu schätzungsweis dës Labele?
    3. Wann nee, sinn d’Ministeren d’Accord, dass hei ee Label muss kommen? Ass hei eppes Konkretes virgesinn?

  2. Gëllt eng Keenzeechnungspflicht fir Päerdsfleesch?

  3. Wéi vill Wëldfleesch gëtt all Joer hei an d’Land importéiert? Wat sinn hei méiglech Grënn?

  4. Wéi vill vum importéiere Wëldfleesch kënnt aus Gatterhaltung oder Ziichtung?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8228

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt