Wéi laang dauert d’Ausbezuele vun de Solar-Subventiounen?

Persounen, déi Photovoltaikanlagen (PV) op hiert Haus installéieren, kënnen zënter enger Rei Joren eng Subventioun fir d’Installatioun ufroen. Aktuell sinn dës Subventiounen ënnert dem Regime “Klimabonus” bekannt a ginn ausbezuelt, nodeems d’PV installéiert goufen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demandë betreffend d’Subventioun fir d’Installéiere vu PVen sinn aktuell nach net ofgeschloss? 
  2. Wéi vill Demandë fir d’Subventioun vu PVe goufen 2019 oder virdru gemaach a sinn nach net ofgeschloss? Wéi vill Demandë goufen 2020 gemaach a sinn nach net ofgeschloss? Wéi vill Demandë goufen 2021 gemaach a sinn nach net ofgeschloss? Wéi vill Demandë goufen 2022 gemaach a sinn nach net ofgeschloss?
  3. Wéi al ass déi eelsten Demande, déi agaangen ass an nach net ofgeschloss ass?
  4. Wat war dee längsten Delai, bei deem ee Bierger huet missten op d’Ausbezuele vun der Subventioun waarden?
  5. Wat sinn déi am meeschte virkommend Grënn, firwat d’Subventiounen net an engem räsonabelen Delai ausbezuelt ginn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6969

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an