Wéi gutt ass Lëtzebuerg a punkto Maternitéeën opgestallt?

Et ginn hei am Land 4 Maternitéeën, déi Gebuerten organiséieren an duerchféiere kënnen.

Déi ‘nei’ Maternité Grand-Duchesse Charlotte war am Juni 2015 geplënnert, fir – ënnert Anerem – eng besser Zesummenaarbecht mat der Kannerklinik ze garantéieren. An d’Zuelen weisen effektiv Verbesserungen: esou hunn sech méi zukünfteg Mamme wéinst Consultations pré-natales mat Hiewanen zesumme gesat an d’Unzuel vu Keeserschnëtt ass erof gaangen. Falls ee Kand fréizäiteg muss op d’Welt kommen, da bitt d’Frühchenstatioun deen néidegen Encadrement fir déi Klengst ënnert eis.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Better stinn de Bëbeeën an der Frühchenstatioun an der Maternité Grand-Duchesse Charlotte zur Verfügung? Wéi vill Better stinn de “Frühchen” an der Clinique Bohler zur Verfügung? Wéi vill Better stinn de “Frühchen” an der Maternité vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch zur Verfügung? Wéi vill Better stinn de “Frühchen” an der Maternité vum CHdN zu Ettelbréck zur Verfügung?

  2. Wéi vill Better stinn de Mamen an der Unité de soins MIC an der Maternité Grand-Duchesse Charlotte zur Verfügung?

  3. Wat ass virgesinn, am Fall wou d’Better an enger Maternité all besat sinn? Wouhi ginn dës Kanner an hir Elteren dann transferéiert?

  4. Wéi oft huet an deene leschte 5 Joer missten eng Famill an d’Ausland verwise ginn, well an enger Maternité keng fräi Plaz méi war (opgeschlësselt pro Joer) ?

  5. Wéi oft huet an deene leschte 5 Joer eng Famill muss an d’Ausland verwise ginn, well an der Unité de soins MIC keng Plaz méi fräi war (opgeschlësselt pro Joer) ?

  6. Wéi oft huet an deene leschte 5 Joer eng Famill missen an d’Ausland verwise ginn, well keng Plaz op der Frühchenstatioun fräi war (opgeschlësselt pro Joer) ? 

  7. Ass eng Maternité am Projet ‘Südspidol’ virgesinn? Wa jo, wéi vill Better sinn an dësem Service virgesinn? Wann nee, firwat net?

  8. Sinn dës Zuelen an den Ae vun der Ministesch zefriddestellend oder gesäit si Handlungsbedarf? Falls Handlungsbedarf besteet, wat fir Verbesserunge gesäit d’Regierung konkret fir?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4526

Zesummenhang posts

D’Piraten hu sech iwwert déi lescht Joren fir den TICE staark gemaach mam Ziil, den Erhalt vum ëffentleche Bussyndikat ze garantéieren an eng Privatiséierung
D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier